CGDISMotorradsaccident, Auto a Flamen, grad ewéi e puer aner Bränn

RTL Lëtzebuerg
E Motorradsaccident gouf et en Donneschdeg den Owend no 21 Auer tëscht Keespelt a Schëndels. E Motocyclist ass gefall a gouf blesséiert.
© pixabay

E Freideg de Moie gouf et en Accident zu Ierpeldeng/Bous an der rue de Mondorf. En Auto war hei an en anere geparkten Auto gerannt. 1 Persoun gouf blesséiert.

Soss gouf et eng Rei Bränn.

Zu Hemstel huet um Freideg de Moie fréi e Chalet gebrannt.

Zu Ettelbréck hat um 4 Auer op der Gemengeplaz eng Poubelle Feier gefaangen.

Zu Gaasperech hu virun Hallefnuecht zwee Dreckscontainere gebrannt.

Zu Mamer hat en Donneschdeg den Owend kuerz virun 21 Auer en Auto Feier gefaangen an zu Walfer, op den Aessen hat et am spéide Mëtteg an engem Buedzëmmer gebrannt.

Dat alles mellt de CGDIS.

Back to Top
CIM LOGO