Liicht blesséiertMotocyclist zu Sandweiler gefall, Accident tëscht Cyclist an Auto zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Freideg am Nomëtteg zu e puer Accidenter op eise Stroossen.
© RTL Archivbild

Géint 16 Auer ass e Motocyclist am Rondpoint bei der Kontrollstatioun zu Sandweiler mat senger Maschinn gefall. Hie gouf liicht verwonnt a koum mat der Ambulanz an d'Spidol.

Eng knapp hallef Stonn méi spéit koum et zu engem Accident tëscht engem Cyclist an engem Auto zu Esch an der Rue du Cinquantenaire. De Mann um Vëlo gouf liicht blesséiert.

An der Nuecht op e Samschdeg krut een Automobilist de Permis ewech geholl. De Mann war der Police géint 4.30 Auer opgefall, well hie mat sengem Auto op der Kräizung vum Boulevard Royal an der Avenue Emile Reuter stoung. Hie war bei der rouder Luucht ageschlof. Bei engem Test koum eraus, datt hien ze vill gedronk hat.

Back to Top
CIM LOGO