Invité vun der Redaktioun (1. September) - Mireille RahméStater Braderie dëst Joer eng Woch méi spéit

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moie war d'Braderie Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Mireille Rahmé
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Nächste Méindeg de 7. September ass déi traditionell Stater Braderie. Dëst Joer eng Woch méi spéit wéi gewéinlech an net méi op Kiermesméindeg. Dat wier de besseren Datum, well da méi Leit nees aus der Vakanz sinn. Dat sot d’Mireille Rahmé en Dënschdeg als eis Invitée vun der Redaktioun.

En Dënschdeg de Moie war d'Braderie Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Presidentin vum Stater Geschäftsverband huet d'Braderie als mat dee wichtegsten Event fir d'Stater Butteker bezeechent. Virun allem fir méi kleng Geschäfter, déi hir Wuer net einfach kënnen zeréckschécken, sou wéi et grouss Chaînë maachen, an och Plaz brauche fir déi nei Kollektioun. D'Leit kéinten eng gutt Affär maachen.

191 Geschäfter maache mat

D'Braderie géif vill Preparatioun brauchen a vill Leit unzéien, och aus dem Ausland. 191 Geschäfter maachen dëst Joer mat. E Samschdeg geet et scho lass an och sonndes hunn eng Rei Geschäfter op. Mir kënne kee forcéieren, sonndes op ze hunn, just encouragéieren, ënnersträicht d'Presidentin vum Stater Geschäftsverband. Fir d'Attraktivitéit vun der Stad, och bei den Touristen, wier et natierlech flott, wann d'Butteker op sinn.

Wéi entwéckelt sech allgemeng de Commerce an der Stad? Jo, d'Defie wieren nach ëmmer grouss, seet d’Mireille Rahmé, déi iwwerdeems begréisst, datt d'Police verstäerkt Präsenz weist, eng gutt Aarbecht géif maachen a ganz reaktiv wier. Et wier een eng Haaptstad a kleng. Wann eppes geschitt, wär et ëmmer op de selwechte Plazen. Datt et an der Stad méi schwiereg wär wéi an anere Groussstied, gleeft si net.

“An de Geschäfter gëtt vill geklaut”

Et géif vill geklaut ginn. Ob méi oder manner wéi soss kéint si awer net jugéieren. Geschäfter hätten och verstäerkt Kameraen installéiert oder privat Sécherheetspersonal agestallt. D'Commerçante sollten op alle Fall all Kéiers eng Plainte maachen, wann eppes geklaut gëtt.

Datt d'Butteker an der Stad méi deier si wéi soss enzwousch, léisst d'Mireille Rahmé net gëllen. Nieft héije Loyere géif et zu Lëtzebuerg och héich Personalkäschte ginn, an déi géif een net op de Präis weiderginn.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO