
Eng Partie Suggestiounen, Froen a Prezisioune wiere vun den Deputéierten an de Raum geheit ginn.
Dorënner zum Beispill, ob de Museksunterrecht ënnert d’Schoulaktivitéite fält, wisou Schoulklassen zu 20 an eng Schwämm dierfen an awer keng 4 Erwuessener pro Couloir an enger Piscine dierfe sinn oder och nach iwwert d’Unzuel u Leit, déi een doheem empfänke kann.
De Gesetzesprojet wier Artikel fir Artikel an der zoustänneger Chamberkommissioun duerchgeholl ginn.
Elo géif een op den Avis vum Staatsrot waarden an op d’Äntwerte vun der Regierung an d’Prezisiounen, déi ee gefrot huet. Et géif sech déi néideg Zäit huele fir anstänneg kënnen ze legiferéieren, huet den SAP-Politiker betount.
Och d’Evolutioun um Terrain misst gekuckt ginn, fir dann ze decidéieren, ob de Projet ganz oder just verschidden Dispositiounen zum Vott bruecht ginn.
