DP-Kongress"Mir hu Verantwortung iwwerholl"

Diana Hoffmann
Jeannot Ries
Logement, Teletravail, Digitalisatioun an e Wee aus der Kris. Ënner anerem dat waren d’Themen e Méindeg den Owend um Digitale Parteikongress vun der DP.
Digitalen DP-Kongress
Wéi alles sinn och d'Parteikongresser an dësen Zäite ganz anescht wéi gewinnt. D'Partei vum Premier hat hire Kongress um Méindeg.

Vermëttelt gi sollt virun allem de Message: „Mir hu Verantwortung iwwerholl“.

"Wéi ech d'lescht Joer gesot hunn, dat soll deen éischten an dee leschte sinn, ech hu mäi Wuert net gehalen, sorry. Dëst Joer ass et nees en digitale Kongress", sou de Premier Xavier Bettel um Kongress vu senger Partei.

Digitale Parteikongress vun der DP - Rep. Diana Hoffmann

Ma et géing een awer eng Situatioun zu Lëtzebuerg gesinn, déi all Dag besser gëtt. Et wier ee prett fir aus der Kris eraus. Iwwer 90.000 Leit kéinte quasi matenee geimpft ginn, wann da bis genuch Vaccin do ass. D’Leit wiere bereet. Et hätt kee gerechent, datt esou eng grouss Demande do wier, fir sech spontan kënnen anzeschreiwen an domat ze soen, hei ech si bereet geimpft ze ginn, sou de Premier.

Nach virun der Vakanz wäert normalerweis jiddereen eng Invitatioun fir e Vaccin kréien. D'Bierger sech am Virfeld fräiwëlleg aschreiwen ze loossen, en anere Wee wéi aner Länner, ma dat gouf et méi oft: Lëtzebuerg wier net nëmme beim Testen säin eegene Wee gaangen, mee hätt och bei de Mesuren en eegene Wee geholl. Verschidde Leit hätte gesot: Jo mee hutt der dat mat ären Noperen ofgeschwat?, ënnersträicht de Premier a weist sech entrüst: "Also mir sinn eng Regierung. Ech sinn net Chef de Gouvernement vun enger Provënz vun engem anere Land. Mir hunn e Parlament a mir musse selbstverständlech déi Mesuren huelen déi dann och op d'Situatioun d'Äntwert ass déi mer hunn."  

© Jeannot Ries

Wärend de Premier méi op de Volet vun der Verantwortung déi d’Regierung an der Kris geholl huet agaangen ass, huet d’Parteipresidentin Corinne Cahen sech mat der Zukunft an de Léieren aus der Kris befaasst. "Dat wat no der Covid Kris kënnt, dat musse mer elo och parallel präparéieren", seet d'Ministesch.

D’Pandemie hätt de Wee fräigemaach, fir iwwer nei Aarbechtsmodeller nozedenken. Do soll dann den Télétravail och eng vill méi essentiell Roll spillen.

Fir der Logementskris meeschter ze ginn, wëllt een iwwerdeems géint Spekulatiounen op Terrainen a Wunnenge virgoen."D'DP huet konkret Propositioune gemaach an och ëmgesat, fir d'Spekulatioune mat Immobilië manner attraktiv ze maachen oder souguer ganz ze ënnerbannen", sou d'Corinne Cahen.

No der Kris wäert d’Ekonomie weltwäit anescht ausgesinn, seet d’Parteipresidentin. An eben och zu Lëtzebuerg. D'Regierung géing hiert méiglechst maachen, fir d'Betriber ze ënnerstëtzen. De Finanzminister wier sou flexibel wéi seelen.

Ma och de Premier hat Luef fir d’Linn, déi de Finanzminister gefuer ass: "An de Pierre, een deen de Pierre kennt: en huet net geknéckt. Mir hunn et fäerdeg bruecht andeems mer investéiert hunn, andeems mer déi Mesure geholl hunn, awer haut e Resultat ze hunn, wou de Chômagetaux manner dramatesch ass wéi am Ausland. A wou mer méi investéiert hunn wéi am Ausland. Jo, dat ass de Lëtzebuerger Modell." 

Nieft der Analyse vun der eegener Aarbecht, gouf um Kongress awer och mam Daliah Scholl eng nei Bezierkspresidentin fir de Süde gewielt, déi domat d’Nofolleg vum Max Hahn iwwerhëlt. Fir den Oste gouf et kee Géigekandidat, soudatt d’Carole Hartmann mat bal 99 Prozent bestätegt gouf.

Back to Top
CIM LOGO