
D'Memberen aus der parlamentarescher Agrarkommissioun hoffen, datt déi aktuell Kris méiglecherweis eng Chance fir d'Landwirtschaft ass. Datt duerch dës Situatioun erëm Jidderengem bewosst gëtt, wéi wichteg d'Aarbecht vun de Baueren ass an datt och erëm méi saisonal akaaft gëtt. Dat hunn d'Presidentin an d'Vizepresidentin vun der Kommissioun en Donneschdeg den Owend ënnerstrach, nodeems et am spéiden Nomëtteg eng Reunioun gouf, iwwer Videokonferenz.
D'CSV-Fraktioun hat gefrot, eng Partie Explikatiounen zu de Krisemesuren ze kréien. D'Landwirtschaft huet spezifesch Problemer, déi och spezifesch Äntwerte verlaangen, seet déi chrëschtlech sozial Fraktiounscheffin Martine Hansen, déi Vizepresidentin vun der Agrarkommissioun ass.
Hir Partei fuerdert zum Beispill eng Hotline, fir Baueren, Wënzer a Gäertner:
"Den Ament gëtt et just um Site vum Landwirtschaftsministère eng Plaz mat deene Froen, déi am meeschte gestallt ginn, mat Äntwerten, mä dat geet awer eiser Meenung no net duer, eng direkt Hotline wier wichteg."
Dat gesäit déi sozialistesch Presidentin vun der Kommissioun, d'Tess Burton, anescht. Den LSAP-Landwirtschaftsminister Romain Schneider wier all Dag mam Secteur a Kontakt:
"Ganz wichteg ass z'ënnersträichen, dass de Minister och weiderhin disponibel ass an dass dee ganze Ministère och weider fonctionéiert, dass een do weider fir déi ganz Landwirtschaft z'areechen ass."
Duerch d'Kris riskéieren d'Präisser an der Landwirtschaft ze falen, warnt d'Martine Hansen. Si erënnert drun, datt soss alt emol a Krisenzäiten d'Soziallaaschte fir d'Baueren ausgesat goufen. Et wier wichteg, engem eventuelle Präisverfall virzegräifen:
"Ech mengen, datt de Ministère elo misst plangen a kucken, wat se envisagéieren ze maachen, wann de Präis bis ënnert e bestëmmten Niveau fält. De Minister sot eis, de Präis wier elo nach net dramatesch gefall, mä mir gesinn awer, datt am Ausland scho Mesurë geholl ginn. Et wier wichteg, wann dat do géif geplangt ginn, ier d'Kand am Pëtz läit."
Eng aner Fro, déi ugeschwat gouf, ass déi vun de Saisonsaarbechter. An der Horticulture wieren 20 Leit gesicht an och fonnt ginn, aus der Landwirtschaft an dem Wäibau géif et awer nach keng Demande, esou d'Tess Burton.
"Do muss een natierlech elo kucken, wéi dat virugeet. De Wäibau huet zum Beispill am September e grousse Besoin u Saisonsaarbechter. Do muss een an e puer Woche kucken, wéi d'Situatioun sech weiderentwéckelt, mä och do ass de Ministère virbereet, fir ze kucken, datt Leit do sinn, déi deen Ament kënnen hëllefen."
D'CSV wollt dann och nach wëssen, wéi et ka sinn, datt kleng Gäertner hiert Geschäft net kënnen opmaachen, an de Grandes Surfaces ginn awer Planze verkaf. D'Erklärung ass, datt een a klenge Betriber méiglecherweis de Mindestofstand tëschent de Leit net hätt kënne respektéieren, datt elo awer bei der Exit-Strategie gekuckt gëtt, ob a wéi eng Geschäfter erëm kënnen opmaachen. D'Tess Burton huet präziséiert, datt déi kleng Gäertner jo awer dierfe weider verkafen an datt si hir Wueren ënnert anerem op Letzshop ubidden.
Donieft huet d'Martine Hansen drun erënnert, datt d'Landwirtschaftskummer jo nei Missioune sollt kréien. Et wier grad elo wichteg, déi ze definéieren an de Budget dofir zu Verfügung ze stellen.

Mesures de soutien pour garantir le maintien de l’activité du secteur agricole de la fourche à la fourchette. (09.04.2020) | |
| |
L’agriculture et la production alimentaire sont des secteurs prioritaires et essentiels. Les agriculteurs, les viticulteurs et les horticulteurs peuvent donc continuer à exercer tous leurs travaux saisonniers, semer, préparer les champs et vignes et nourrir leurs bêtes, tout en respectant les mesures d’hygiène et de sécurité imposées. Ceci vaut aussi pour la production de nourriture pour animaux. La chaîne de production et de transformation de denrées alimentaires, la vente directe ainsi que l’acheminement des aliments doivent rester opérationnels afin de garantir la sécurité alimentaire à Luxembourg et en Europe. Lors de la Commission de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural qui a eu lieu cet après-midi par visioconférence, le ministre Romain Schneider a présenté aux députés les différentes mesures qui ont été mises en place pour garantir le maintien de l’activité du secteur agricole “de la fourche à la fourchette”.
Paquet de mesures pour le soutien du secteur agricole
Romain Schneider, ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural souligne que les agriculteurs ainsi que tous les professionnels du secteur sont un pilier essentiel et indispensable dans l’approvisionnement de la chaine alimentaire, vitale pour toute la population. 1. Maintien des activités essentielles liées au secteur agricole
2. Répondre aux besoins de liquidités immédiats Afin de parer un manque de liquidité au sein des exploitations agricoles, le ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et de Développement rural a immédiatement versé des aides du 1ier et 2ième pilier de la PAC ( +- 25 Mio €) pour l’année 2019. 3. Mise à disposition de liquidités supplémentaires
4. Prolongation du délai pour la demande de paiements directs 5. Mise en place de la plateforme jobswitch 6. Chômage partiel 7. Suppression de la cotisation 2020 sur Letzshop.lu 8. Plus de flexibilité pour le paiement des cotisations sociales Finalement, le ministère de l’agriculture, dans la situation actuelle de la pandémie du COVID-19, est en contact permanent avec le secteur agricole et celui de la transformation agroalimentaire afin de pouvoir réagir rapidement en cas de perturbation des marchés respectivement du fonctionnement de la chaîne de production.
|