Aarbechtsminister Marc SpautzMindestloun soll mat der Lounentwécklung klammen

Diana Hoffmann
Betriber, déi duerch eng Erhéijung vum Mindestloun besonnesch staark belaascht ginn, solle staatlech Ënnerstëtzung kréien, esou de Marc Spautz.
Aarbechtsminister Marc Spautz: Mindestloun soll mat der Lounentwécklung klammen
Betriber, déi duerch eng Erhéijung vum Mindestloun besonnesch staark belaascht ginn, solle staatlech Ënnerstëtzung kréien, esou de Marc Spautz.

Och wann am Regierungsrot nach keng definitiv Decisioun zum Mindestloun geholl gouf, léisst den Aarbechtsminister Marc Spautz am RTL-Interview eng kloer Tendenz erkennen. Nach virun Ouschtere wäert d’Regierung “héchstwarscheinlech” zu enger Positioun kommen. Fir hie steet awer fest, datt de Mechanismus, deen zanter de 70er Jore besteet, och dës Kéier soll applizéiert ginn: de Mindestloun soll un déi allgemeng Lounentwécklung an de Betriber ugepasst ginn.

De Marc Spautz betount, datt genee dat d’Basis vum System wier. Et géif ee kucken, “wat déi lescht zwee Joer an de Betriber bäikomm ass“, an déi Entwécklung misst sech och beim Mindestloun erëmspigelen. Dobäi soll et beim bekannte Prinzip bleiwen: de qualifizéierte Mindestloun läit 20 Prozent iwwer dem onqualifizéierte Mindestloun.

De Minister ass dann net d’Accord mat de Fuerderunge vun der Handwierkerfederatioun, de qualifizéierte Mindestloun ofzeschafen oder déi nächst Hausse beim onqualifizéierte Mindestloun net ëmzesetzen. Dat wier, esou Marc Spautz, senger Meenung no “net de richtege Wee”. Hie warnt och virun engem falsche Signal vis-à-vis vun de Salariéen, déi trotz enger Aarbecht finanziell ënner Drock stinn. Et wier e “falsche Message”, grad géigeniwwer deene Leit, “déi all Dag schaffe ginn“, déi Upassung net zoukommen ze loossen.

Gläichzäiteg erkennt de Minister d’Suerge vun de Betriber un, besonnesch do, wou vill Leit de soziale Mindestloun kréien. Hie seet, et wier evident, datt d’Betriber bei esou Upassunge misste begleet ginn. D’Regierung géif sech de Moment Gedanke maachen, wéi eng Hëllefen a Moossnamen a Fro kéimen, fir datt d’Kompetitivitéit net a Gefor geréit. Konkret Detailer wollt hien awer nach net nennen.

Aktuell leien d’Positiounen zum Sujet vum Mindestloun bei de Gewerkschaften a beim Patronat wäit auserneen. Den Aarbechtsminister erënnert awer och drun, datt nieft den traditionelle gesetzleche Mindestlounupassungen och déi europäesch Mindestloundirektiv ëmzesetzen ass. Dozou gehéiert och, en Aktiounsplang auszeschaffen, fir méi Kollektivverträg ze kréien. Alles dat wiere Punkten, iwwer déi een aktuell géing mat de Sozialpartner diskutéieren.

X-ten Appell, fir nees zu dräi beieneen ze kommen

An deem Kontext plädéiert de Minister och nees dofir, erëm op d’Format vun engem Trilog zréckzekommen. Déi aktuell bilateral Gespréicher mat Patronat a Gewerkschafte wieren op Dauer net genuch. Et misst een et, am Interêt vum Land, vun der Kompetitivitéit an och vun de schaffende Leit, “fäerdegbréngen, erëm en Trilog opzestellen”. Nëmmen esou kéinten déi néideg Kompromësser fonnt ginn.

Trotz den aktuellen Tensiounen tëscht de Sozialpartner huet de Marc Spautz sech zum Schluss virsiichteg optimistesch gewisen. Hien huet vun enger konstruktiver Sëtzung um KI-Dësch en Donneschdeg geschwat a betount, datt et wichteg bleift - och am Kader vun der kënschtlecher Intelligenz, souwuel d’Interessie vun de Betriber, wéi och déi vun de Salariéen am A ze behalen. Besonnesch iwwer Formatioune misst et geléngen, dass d’Leit sech och laangfristeg um Aarbechtsmarché erëmfannen.


Back to Top
CIM LOGO