Gewerkschafte reagéieren op d'HandwierkerfederatiounDe qualifizéierte Mindestloun dierft op kee Fall a Fro gestallt ginn

Marc Hoscheid
Marlène Clement
Duerch een Ofschafe géinge Jonker nämlech net motivéiert ginn, eng Léier ze maachen. Eng Propos vum Aarbechtsminister zur Berechnung vum Mindestloun kënnt par Konter gutt un.
De qualifizéierte Mindestloun dierft op kee Fall a Fro gestallt ginn
D’Gewerkschaften OGBL an LCGB reagéieren op d’Aussoe vun der Handwierkerfederatioun.

Mat Bléck op d’Mindestakommes hunn d’Gewerkschafte wéineg iwwerraschend eng liicht aner Meenung wéi d’Patronat. Beim OGBL a beim LCGB fuerdert ee scho länger en Erhéijen ëm 10 Prozent. Déi rezent Propos vum Aarbechtsminister Marc Spautz,fir an Zukunft d’Medianakommes als Referenz fir d’Berechnung vum Mindestloun ze huelen, géing dann och an déi gutt Richtung goen.

Datt d’Patronat de Mindestloun kritesch gesäit, ass net nei, dowéinst sinn d’Gewerkschaften och net komplett iwwerrascht. Och déi méi martialesch Ausdrocksweis vun der Handwierkerfederatioun wier ee gewinnt. D’Fuerderung, de qualifizéierte Mindestloun ofzeschafen, hätt ee bis elo sou awer nach net héieren an et kéint ee se och guer net novollzéien.

“Ech si selwer Elektriker, ech hunn eng Rei vun Diplomer gemaach, dat éischt war den Elektrikerdiplom, an ech wier ganz enttäuscht gewiescht als jonke Mënsch, wann ech an der Léier gewiescht wier, an der Schoul gewiescht wier, fir deen Diplom ze maachen, fir da gesot ze kréien, mir wëllen de qualifizéierte Mindestloun ofschafen”, gëtt den LCGB-President Patrick Dury ze bedenken. “Ech mengen, dat ass ee ganz schlecht Signal fir déi Leit, déi sollen an d’Handwierk schaffe goen, déi een Handwierk wëlle léieren. An iwwert dee Wee huet d’Patronat sech mengen ech kee Gefale gemaach.”

D’Argumentatioun, datt d’Produktivitéit stagnéiert an eng Erhéijung vum Mindestloun d’Betriber ënnert Drock setze géing, léisst de Patrick Dury och nëmme begrenzt gëllen. “Mir héieren deen dote Refrain jo schonn zanter enger ganzer Rei vu Joren. Trotz eisem Mindestloun, trotz dem Index an trotz alleguer deenen, ech wëll net soen Avantagen, mä deenen Dispositiounen, déi mer hei am Land hunn, och de Kollektivverträg, ass et der Ekonomie net schlecht gaangen, et ass der Ekonomie u sech awer gutt gaangen. D’Land huet sech gutt entwéckelt, sozial an ekonomesch an et geet ëmmer rëm nëmmen drëms, fir hei adequat Äntwerten ze fannen, op déi Froen, déi sech stellen.”

Änlech gesäit dat och d’Nora Back. D’Presidentin vum OGBL seet, datt een zu Lëtzebuerg e staarke Mindestloun brauch an domadder och automatesch e staarke qualifizéierte Mindestloun. Och de Virschlag, déi Leit, déi een niddregt Akommes hunn, iwwert Steierkreditter ze entlaaschten, stéisst net op Begeeschterung bei de Gewerkschaften.

“Wat ech awer net kann droen, ass wann ee seet, eng Persoun muss net vun hirem Loun kënne liewen, de Staat muss elo de Loun iwwerhuelen”, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back. “Dat ass net de Sënn vun der Saach. Mir stinn dofir an, datt et sech muss lounen, fir schaffen ze goen an eng Aarbechtsplaz et engem erméigleche muss, um Enn vum Mount iwwert d’Ronnen ze kommen an net um Seuil vun der Aarmut ze liewen. Dofir ass de Loun do a Leit, déi um Mindestloun schaffen, si vill méi wäert wéi de Mindestloun zu Lëtzebuerg héich ass.”

Déi rezent Propose vum Aarbechtsminister Marc Spautz, an Zukunft d’Medianakommes als Referenzwäert fir d’Berechnung vum Mindestloun ze huelen, kënnt par Konter gutt un.

“60 Prozent vum Medianloun entsprécht effektiv e bëssi méi wéi den 10 Prozent méi, déi mir als Gewerkschafte fir eng Erhéijung vum Mindestloun ugefuerdert hunn. Da geet et nach net duer, mee dat wier eng strukturell seriö Erhéijung, déi elo méi wéi noutwendeg wier,” esou nach d’Nora Back. Dat wiere beim onqualifizéierte Mindestloun um Enn ronn 300 Euro de Mount méi.

Et misst een elo emol zesumme mam Aarbechtsminister Marc Spautz iwwert déi Sujeten diskutéieren, esou nach den LCGB-President. Déi nächst Entrevue tëschent dem Aarbechtsminister an de Sozialpartner soll a priori den 25. Mäerz sinn. Ob Patronat, Gewerkschaften a Regierung dee Moment nees zu Dräi um Dësch sëtzen, ass nach net gewosst. Och, ob de Mindestloun da schonn Theema ass, ass net kloer. De Marc Spautz wollt fir d’Éischt domat an de Regierungsrot.

Back to Top
CIM LOGO