"De Kloertext"Mindestloun, Inflatioun an Index: Wéi bezuelen?

Caroline Mart
Dany Rasqué
Neie Minister, al Problemer: De Sozialdialog ass nees um 0-Punkt! Riskéiert Schwaarz-Blo de Clash mat de Syndikater, kënnt et zu neie Streikaktiounen?
"De Kloertext": Mindestloun, Inflatioun an Index: Wéi bezuelen?
Neie Minister, al Problemer: De Sozialdialog ass nees um 0-Punkt! Riskéiert Schwaarz-Blo de Clash mat de Syndikater, kënnt et zu neie Streikaktiounen?

De Mindestloun bleift ee waarmt Eisen. Och den neien Aarbechtsminister Marc Spautz huet de Sozialdialog net relancéiert kritt. OGBL an LCGB gesi schwaar,z wann et ëm eng strukturell Hausse vum Mindestloun geet an dreeë mat gewerkschaftlechen Aktiounen. D’Patronat warnt, datt eng Hausse vill Betriber méi oder -nach méi- kéint an d’Laberente bréngen. Vertrieder vu béide Säiten, aus der Regierung an aus der Oppositioun hunn en Donneschdeg am Kloertext op der Tëlee mateneen diskutéiert. Liicht um Enn vum Tunnel ass net ze gesinn.

De Resumé vum Kloertext - Reportage vum Dany Rasqué

D’Gewerkschafte fuerdere jo, datt de Mindestloun ëm 300 Euro eropgeet, se hunn awer d’Gefill, datt d’Regierung hinnen an de Leit, déi de Mindestloun kréien, net onbedéngt wëll hëllefen. De President vum LCGB, de Patrick Dury: “Mir sinn zënter enger Zäit zur Iwwerzeegung komm als Unioun OGBL/LCGB, well ech sëtzen den Owend u sech och fir déi hei, dass mer mat engem Bloc commun konfrontéiert sinn. D’Patronat an d’Regierung, wou s de u sech d’Fuerderunge kanns austauschen, déi sinn zum Deel gläich, an dat ass natierlech fir eis ganz schwéier, vun engem Tripartite -Modell erauszekommen, op e Consulté -Décidé an elo, op en Décidé - Informé.”

Eng Ausso, wärend där de René Winkin, den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL d’Stier a Fale geluecht huet. Hien huet betount, datt een et hei mat enger Direktiv vu Bréissel ze dinn huet, mä hie seet, hie géif de Frust vun de Gewerkschafte verstoen.

“Mir hunn elo hei ee Joer laang een Dossier, deen am Raum steet, wou vun Ufank u ganz kloer ass, mir hunn hei ee Medianloun, deen op Grond vum Basisloun gerechent gëtt, wou d’Europäesch Kommissioun och kloer Lëtzebuerg nennt bei deene Länner, déi iwwer 60 % sinn. An dat hätte mer eis kënne spueren, well elo fanne mer dat eraus, wat mer no enger Stonn Rechnen an der IGSS virun engem Joer well hätte kënnen erausfannen.”

De René Winkin plädéiert fir eng Léisung am Intressi vun de Leit, mä och am Intressi vun de Betriber, an deene se schaffen. D’Partei vum fréieren Aarbechtsminister Georges Engel huet zu deene gehéiert, déi gemengt hunn, mam Marc Spautz als Chef um Rousegäertchen géif alles méi einfach ginn - an Tëschenzäit gesäit den neie Co-President vun der LSAP dat méi nuancéiert.

“Ech mengen, dass d’Regierung ganz kloer hei eng Linn gezunn huet, eng Linn, wou se wëll hin, an do ass et egal, ob den Aarbechtsminister Marc Spautz oder Georges Mischo heescht, mam Georges Engel wär et net egal gewiescht, an déi wëlle ganz kloer an eng Linn, an déi Linn heescht, datt se de Mindestloun net wëllen héijen.”

Dat géif den CSV Finanzminister Gilles Roth esou net ënnerschreiwen. “Et ass näischt decidéiert. Dat huet den Aarbechtsminister, de Marc Spautz, jo och gesot. Mir haten eng éischt Ronn am Regierungsrot an ënnert Regierungskolleegen, doropshin gi weider Consultatioune gefouert. An ech mengen, wann dann eng Propositioun mol arrêtéiert ass, da wäert den Aarbechtsminister, zesumme mat der Sozialministesch, wäerten déi Gespréicher weidergefouert ginn, déi sech do ubréngen. An ech mengen, dass do och net hannen eraus kënnt, dass de Mindestloun net an d’Luucht gesat gëtt.”

D’Fro ass eben just ëm wéi vill. Den Ament schwätzt d’Regierung jo vun enger Hausse vun 175 Euro. D’Spriecherin vun deene Gréngen an der Chamber, d’Sam Tanson, ënnersträicht, datt Aarbecht sech op alle Fall rentéiere muss, dass een dezent vu senger Pai muss kënne liewen an net um Enn vum Mount all Euro muss ëmdréinen. Dat wier awer elo esou, fir all sechste Salarié an de Sozialdialog wier trotz all de Problemer blockéiert.

“Mir sinn an enger ugespaanter Situatioun. Et si vill Krisen hei am Land an och ronderëm eis an déi Haaptpartner bréngen et net fäerdeg, sech ronderëm en Dësch ze setzen an zesummen ze diskutéieren.”

D’Sam Tanson betount awer och, datt si d’Gewerkschafte versteet an den LCGB-President a Co-President vun der Gewerkschaftsfront, de Patrick Dury seet, et hätt een ënnert all Form mat der Regierung geschwat, esou wéi si et gär gehat hätt, mä et wier näischt dobäi eraus komm. Dat Eenzegt, wat eppes bruecht hätt, dat wier d’Manifestatioun vum 28. Juni zejoert gewiescht.


Eis Invitéen:

Gilles Roth, CSV
Finanzminister

© Ricardo Besantini

René Winkin
Direkter FEDIL
Fréiere Generalsekretär Groupement Pétrolier

© Ricardo Besantini

Georges Engel, LSAP
Fréieren Aarbechtsminister
Deputéierten a Parteipresident

© Ricardo Besantini

Sam Tanson, déi Gréng
Spriecherin
Fréier Justizministesch

© Ricardo Besantini

Patrick Dury
President, LCGB

© Ricardo Besantini

Back to Top
CIM LOGO