De Nohaltegkeetsrot ass net méi zäitgeméiss. Reforme sinn néideg, sot de Mike Poiré en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. De Buergermeeschter vu Mäerzeg ass zanter leschtem Joer de President vum Nohaltegkeetsrot.
De "Conseil supérieur pour le développement durable" misst méi Gewiicht kréien. An och méi Moyenen. Well Nohaltegkeet wier e vaste Sujet mat 3 Dimensiounen: Ëmwelt, Wirtschaft a Soziales, déi zesumme misste funktionéieren.
Den Nohaltegkeetsrot gëtt et schonn zanter 22 Joer. E wär deemools am "Hauruck-Verfaren" entstanen an dat géif een haut nach mierken. Dee Conseil beréit d'Regierung. Déi 15 Memberen, déi all benevole schaffen, gi vum Regierungsrot nominéiert. Mä esou wéi mer opgestallt sinn, geet et net méi, seet de Mike Poiré. Et hätt ee keng Moyenen an et géif een et niewebäi maachen, mee net genuch Gehéier fannen.
An Zukunft wëll den Nohaltegkeetsrot méi sensibiliséieren an e couragéisen Debat mat de Leit féieren. Dat wär méi sënnvoll wéi Avisen, déi am Endeffekt net gelies ginn. Et wéilt een déi Jonk erreechen, mä et géif awer op den Toun ukommen. Et wéilt een net d'Leit an eng Richtung drécken a virschreiwen, mä erklären an drop opmierksam maachen, datt mer eis Äerd nu mol brauchen.
Datt Lëtzebuerg esou e staarke Ressourcë-Verbrauch huet mam Overshoot Day scho Mëtt Februar wier "ganz krass", gëtt de Mike Poiré zou. Mä et dierft een net stigmatiséieren. Et géif eis allgemeng ze gutt goen. Mir consomméieren ze vill, sinn "Junkies", doriwwer misst ee schwätzen, mä ouni Virwërf ze maachen. Nëmmen zesumme kéint een d'Situatioun verbesseren.
Invité vun der Redaktioun: Mike Poiré
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.