Invité vun der Redaktioun (27. Juli) - Michel SimonisEt bräicht méi nidderschwelleg Infrastrukturen, fir Sans-abrien en charge ze huelen

Marc Hoscheid
E Méindeg de Moie war ënnert anerem de Mangel u Strukture fir Leit ouni Daach iwwert dem Kapp an d'Situatioun am Fleegesecteur Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Michel Simonis
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Méi wéi 50.000 Leit hunn dat lescht Joer Servicer vun der Croix-Rouge an Usproch geholl. Am räiche Lëtzebuerg géing et eenzele Leit ganz gutt goen, mee eenzele Leit géing et och vill manner gutt goen, esou de Generaldirekter vun der Croix-Rouge Michel Simonis als Invité vun der Redaktioun. Et bräicht virop méi nidderschwelleg Strukturen, fir Leit, déi op der Strooss liewen, ze versuergen. An och nei Reegele beim Bluttspende waren ee Sujet.

Et géingen eng ganz Partie Grënn ginn, firwat Leit an d'Prekaritéit geroden, een dovunner wieren déi héich Logementspräisser. An der Lescht géing ee gesinn, datt och ëmmer méi Jonker op der Strooss landen. Esou hätt een zum Beispill méi wéi 100 Jugendlecher a Jonker op der Waardelëscht fir eng Struktur zu Uewerglabech, déi réischt d'lescht Joer opgaangen ass.

Onofhängeg vum Alter stellen déi héich Temperaturen, déi fir dës Woch nees erwaart ginn, eng Gefor fir Leit duer, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn. De Michel Simonis, deen op den 1. August als Generaldirekter vun der Croix-Rouge ophält, plädéiert awer manner fir eng Summeraktioun, wéi generell fir méi Raimlechkeeten.

"Mir brauche méi Infrastrukture fir Leit op engem relativ einfachen Niveau, dat musse keng Luxusgeschichte sinn, kënnen en charge ze huelen, déi op der Strooss liewen. Well dat ass eng Prekaritéit, déi wierklech dramatesch ass a wou sech de Gesondheetszoustand vun de Leit duerch déi Situatioun op der Strooss ëmmer nëmme verschlechtert. A grad lo a Situatioune vun der Canicule kënne si sech net hëllefen an do hu mer net genuch Strukturen, déi durabel sinn."

Aktuell géing een éischter mat Pop-up-Strukture fueren, déi awer dacks net an deem beschten Zoustand wieren. Et bräicht eng gemeinsam Ustrengung vum Staat, vun de Gemengen an den Acteuren aus dem soziale Secteur.

Am Moment ass eng Ännerung vun de Krittäre fir Blutt ze spenden um Instanzewee. An Zukunft solle keng speziell Reegele méi fir homosexuell Männer gëllen. Doduerch géing sech awer éischter eng juristesch Fro stellen, wéi datt ee Problem geléist géing ginn.

"Ech erwaarde mer net, datt mer doduerch vill méi Bluttproduiten hunn, mee et ass awer mengen ech och wichteg, datt wann dat ee Choix sociétal ass vun der Regierung ass, wou dës Regierung lo nach eng Kéier drop zeréckkënnt, iwwert eng Proposition de loi, déi virläit, vun der Madamm Lenert, da muss een awer och klären, wien iwwerhaapt de Risk dréit vum Blutt. Well dat ass zu Lëtzebuerg, contrairement zu den Nopeschlänner, net gereegelt, an allen Nopeschlänner dréit de Staat de Risk vun engem Aléa, dee kéint geschéien duerch eng Blutttransfusioun an zu Lëtzebuerg ass u sech d'Croix-Rouge haftbar an dat ass eppes, wat mer bemängelen a wou mer mengen ech um legislative Plang mussen dru schaffen."

Et hätt een haut eng 15.000 Bluttspender, an déi bräicht een och, well obwuel generell manner Blutt gebraucht gëtt, mussen d'Leit ëmmer méi dacks Pause maachen, zum Beispill well se méi Reese maache wéi an der Zäit.

Invité vun der Redaktioun: Michel Simonis

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO