Reaktioun op d'Invitée Nora BackMichel Reckinger: Imminent Tripartite réischt zum Schluss vun der Corona-Kris

Tim Morizet
De President vun der UEL reagéiert op d'Aussoe vum Nora Back. D'OGBL-Presidentin war e Freideg eis Invité vun der Redaktioun.
© RTL Archivbild

D'Patronat gesäit d'Necessitéit vun enger Tripartite, ma dës eréischt zum Schluss vun der Corona-Kris. Den UEL-President Michel Reckinger, preziséiert, datt den Ament a ganz ville Gremie géif zesummen als Tripartite geschafft ginn. Sief dat e Luxinvest-, e Santésdësch oder en CES, deen en Avis iwwert d'Recht zur Deconnectioun am Teletravail erausginn huet, deen elo mandatéiert gëtt, fir och iwwer Fiskalitéit ze schwätzen. „Iwwerall do sinn Tripartite-Diskussiounen, déi der Tripartite bäischaffen," esou de Michel Reckinger.

D'Resultater, déi do erauskommen, déi sollen an der Tripartite dann zu Conclusioune kommen. Mee vue, datt déi nach alleguer am Gaange si mat schaffen, hätt et der UEL no net vill Sënn fir elo eng Tripartite ze maachen.

„Eng Tripartite huet en Existenzrecht, wa mer en Ausbléck hunn, wéini déi Kris hei eriwwer ass," esou de Reckinger. Réischt wann ee wéist, wéi et ëm d'Land steet a wéi déi finanziell, wéi ekonomesch Suitten ausgesinn, hätt et Sënn sech nees all zesummen op een Dësch ze setzen.

Invité vun der Redaktioun (30. Abrëll) - Nora Back: "De Sozialdialog huet sech an der Pandemie verschlechtert"

Back to Top
CIM LOGO