BipartiteMesuren, mä keng grouss Reformen am Oktober

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung wäert am Kader vun der Ried zur Lag vun der Natioun a vum Budgetsprojet am Oktober Mesuren an de Beräicher Fiskalitéit a Logement annoncéieren.
© RTL-Archiv

Dat gouf een um Bord vun enger Reunioun tëscht dem Premier Xavier Bettel, de Vizepremieren Dan Kersch a François Bausch mat de Gewerkschaften um Dënschdeg de Moie gewuer.

Grouss Reformen, wéi eng Steierreform zum Beispill, bleiwen awer aus, well d’Kris awer nach net eriwwer ass a wéinst dem Impakt vun der Kris op d’ëffentlech Finanzen. De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Romain Wolff sot no der Bipartite:

“Et gesäit een natierlech, datt d’Situatioun, obwuel se net gutt ass, awer net esou schlecht ass, ewéi ee sech dat hätt kënnen erwaarden.” Dofir géing d’CGFP mol dovunner ausgoen, datt “keng déifgräifend, negativ Mesuren” kéimen.

21/09/2021 CUT Bipartite Wolff 12h30 (1)

D’Presidentin vum OGBL, d’Nora Back, ass méi wäit gaangen a sot, d’Regierung hätt awer verséchert, datt et net a Richtung Austeritéit, also Spuermesuren, geet. Allerdéngs kéint keng Steierreform gemaach ginn, well et “keng Zäit a Moyenen” dofir géinge ginn.

21/09/2021 CUT Bipartite Back 12h30 (2)

Den OGBL, den LCGB an d'CGFP hunn no der Reunioun begréisst, datt d’Regierung géing mat hinnen dialogéieren. Am Géigesaz zum Patronat sinn d’Gewerkschaften der Meenung, datt et awer onbedéngt och eng Tripartite misst ginn, wou also Regierung, Gewerkschaften a Patronat gläichzäiteg zesummen um Dësch setzen.

21/09/2021 CUT Bipartite Dury 12h30 (3)

“Wann ech déi Defien kucke vum Kampf géint de Klimawandel a vun der Digitalisatioun, da sinn ech iwwerzeegt, datt de Sozialdialog muss gestäerkt ginn”, esou de President vum LCGB, de Patrick Dury. En Dënschdeg am Nomëtten ass et um Patronat, sech mat de Regierungsvertrieder ze treffen.

Back to Top
CIM LOGO