PoliceMesserpickerei zu Péiteng, Iwwerfall an der Stad an alkoholiséiert Chaufferen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt e puer Virfäll, déi e Freideg den Owend geschitt sinn.
© RTL Archivbild

Kuerz no 2 Auer krut den 112 e Mann mat Schnëttverletzunge gemellt. De Blesséierte war zu deem Zäitpunkt scho bei sech doheem.

An engem Café zu Péiteng war et zu der Ausernanersetzung tëscht 2 Männer komm, bei deem ee wéi gesot verwonnt gouf. Do konnt d'Police de presuméierten Täter nach am Café ausmaachen, deen zouginn huet, dass et zum Sträit komm war an hien d'Affer mam Messer gepickt hat.

D'Messer konnt sécher gestallt ginn an de Parquet gouf informéiert. De Mann gouf festgeholl a koum nach e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.

Iwwerfall an der Stad

E Mann war mat senger Frëndin kuerz no Hallefnuecht op der Place du Theatre ze Fouss bei hiren Auto ënnerwee, wéi si vun 2 Onbekannten op e Briquet ugeschwat goufen. D'Koppel gouf ugedanzt. Ee vun den Onbekannten huet dem Mann duerno d'Kette vum Hals gerappt an ass geflücht.

E puer Stonne méi spéit huet en Zeie sech bei der Police gemellt an ausgesot, de Brigang gesinn ze hunn. Effektiv huet d'Police de Mann bei der Stater Schwämm lokaliséiert. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl. Och hie muss sech virum Untersuchungsriichter veräntweren.

Permisen agezunn

Enger Patrull ass an der Nuecht kuerz no 4 Auer e Gefier opgefall, dat immens lues iwwert den Trëttoir an der Tréierer Strooss gesteiert gouf. Bei der spéiderer Kontroll hunn d'Beamten de Geroch vun Alkohol an uecht geholl an en Test gemaach. Dee war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

Kuerz virun deem Virfall war Polizisten eng Fra opgefall, déi doruechter getierkelt ass an op enger Bensinsstatioun zu Esch an hiren Auto geklommen ass. D'Beamten hunn den Auto gestoppt, wéi d'Fra ouni Succès probéiert huet aus der Parkplaz ze fueren.

E positiven Test huet confirméiert, dass d'Fra ze déif an d'Glas gekuckt hat. Den erlaabten Héchstwäert war méi wéi duebel esou héich an de Permis doropshi fort.

Back to Top
CIM LOGO