
Eng Reduktioun vum Bestand vun de Ranner géing hirer Meenung no dozou féieren, datt een dësem Zil zu Lëtzebuerg méi séier, e gutt Stéck méi no komme kéint.
Op der Plattform meng Landwirtschaft sinn 23 Organisatioune vertrueden. Am Kontext vun de Verhandlungen zu der europäescher Agrarreform, riichten dës elo en Appell un de Landwirtschaftsministère. Beim Asaz fir eng méi nohalteg Landwirtschaft dierft de groussen negativen Impakt vun enger ze dominanter Mëllechwirtschaft hei am Land op d’Ëmwelt net vergiess ginn.
D'Mëllechproduktioun wier an deene leschte Joren gutt gewuess, well et zu Lëtzebuerg vill Gréngland gëtt, heescht et. De Problem dobäi wier awer, datt villes misst importéiert ginn, datt d'Produktioun iwwerhaapt méiglech ass. De Raymond Aendekerk, Matbegrënner vun der Plattform erkläert:
„Dat heescht Importer vu Sojaschoten. Mir düngen eis Wisen, eis Aackerflächen, wou de Mais ugebaut gëtt, deen och an d’Fidderung erageet. Do hu mer e ganze Rateschwanz vu Praktiken, déi iwwerall vill Problemer verursaachen. An um Endeffekt hu mer nach ëmmer keng Landwirtschaft, déi op laang Dauer oder mëttelfristeg iergendwou e feste Bestand huet."
De Problem ze behiewen, wier awer alles aneres ewéi einfach. Investitiounen, déi an dësem Beräich gemaach goufen, wiere meeschtens op Joerzéngte geplangt gewiescht. Trotzdeem wier et néideg, datt déi Betraffe Perspektive kréien an Zäitschinnen dofir festgeluecht ginn.
D’Betriber missten ënnerstëtzt ginn, datt se sech kënnen ëmorientéieren. Dëst a Richtung vun enger méi planzegebonnener Produktioun. Zum Beispill Kären, Bounen, Uelegfriichten, Uebst oder Geméis. All déi Produktioune wieren an de leschte Joerzéngte vernoléissegt ginn, fënnt de Raymond Aendekerk. Et wier kee Problem, d’Lëtzebuerger Populatioun mat eiser landwirtschaftlecher Fläch gréisstendeels ze ernären. De Knackpunkt wier awer dobäi de Fleeschkonsum an dee vun der Mëllech, souwéi de Mëllechprodukter. De Konsum dovunner misst onbedéngt reduzéiert ginn.
Ëm wéi vill, ob en Drëttel oder e Véierel, dorop misst ee sech net genau festleeën. Wichteg wier, datt een de Schrëtt géing huelen an een erëm op e Véibestand kéim, deen eis Landschaft och géing verdroen.
D‘Gestaltungsfräiheet vun de Memberstaate beim Ausschaffe vum nationale Plang misst elo sou wäit wéi méiglech genotzt ginn, fir zu enger nohalteger a resilienter Landwirtschaft ze kommen.