Méiglech Gewalt géint Kanner a Crèche zu PéitengEducatiounsministère: "Datt mir eng Crèche zoumaachen, geschitt extrem seelen"

Carine Lemmer
Céline Eischen
Dat sot de Marco Deepen, dee fir déi non-formal Bildung am Educatiounsministère responsabel ass.
© Céline Eischen

Wéinst dem Verdacht op Coups et blessures volontaires huet d’Crèche Dramland vu Péiteng hiren Agrement vum Educatiounsministère entzu kritt. Eng Enquête beim Parquet gouf opgemaach an déi concernéiert Kanner sinn op aner Crèche verdeelt ginn.

Méiglech Gewalt géint Kanner a Crèche zu Péiteng
Educatiounsministère: “Datt mir eng Crèche zoumaachen, geschitt extrem seelen”

D’Reprochë géint d’Crèche Dramland si grave an zwar esou grave, datt de Ministère keen anere Choix gesinn huet, wéi se zou ze maachen. Éischt Reklamatioune goufen dem Ministère de leschte Freideg gemellt, esou de Marco Deepen, Responsabelen fir déi non-formal Bildung am Educatiounsministère :

Do war leschte Freideg déi éischt Reklamatioun erakomm. An no der éischter Lektür hu mer direkt festgestallt, dat do ass esou schwéierwigend, de Parquet muss direkt involvéiert ginn. Dat heescht, direkt déi éischt Reklamatioun hu mer weidergeleet un de Parquet. An do koumen elo iwwert de Weekend an elo och bis ugangs der Woch insgesamt eeben déi néng Reklamatiounen, déi d’Bild ëmmer méi vollstänneg och fir eis gemaach hunn.

Marco Deepen, Responsabele fir déi non-formal Bildung am Educatiounsministère
© Domingos Oliveira

Um Mëttwoch den Owend war et dunn d’Decisioun, fir d’Crèche zouzemaachen. Déi concernéiert Eltere goufen iwwer Telefon awer och sur place vun de Beamten informéiert. Et war och net déi éischte Kéier, datt Reklamatiounen iwwer d’Crèche gemellt goufen:

Mir hate virun zwee, dräi Jore scho mol dräi Reklamatiounen, mir waren deemools och sur place kucken, eng Kontroll gemaach, mir hunn eng Convocation och gemaach, dat heescht, mir haten en Echange och a waren dann awer zu der Iwwerzeegung komm, dass eng Sanktioun nëmmen um Finanziellen noutwenneg war an net op deem Volet, wou mer haut schwätzen.

Schreiwes vum Parquet
Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec des signalements relatifs à une crèche à Pétange (05.02.2026)

De Péitenger CSV-Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf ass eréischt um Donneschdeg de Moien iwwer d’Faiten informéiert ginn. Datt et Problemer an der Crèche soll gi sinn, war net bekannt:

Et iwwerrascht mech, well wann et déi Crèche ass, wou et elo gesot gëtt, déi et ass, ass et bal net novollzéibar am Sënn, dass déi Persoun, déi am Fong geholl den Agrement huet, déi huet selwer hei an der Gemeng a Crèchë geschafft, déi kenne mer alleguerten hei an der Gemeng, an déi hat ni esou Tendenzen an dass iergendwéi esou eppes wier, duerfir ass et schwéier novollzéibar, dass dat esou ass, mee et ass jo net un eis, datt ze decidéieren, dat ass un engem Geriicht an eng Présomption d’innocence ass do.

Den Educatiounsministère huet an de leschten Deeg eng Lëscht mat fräie Crèche-Plazen an der Ëmgéigend ausgeschafft. Eng 100 Plazen hätt een erfaasst: Esou kéinte sech déi concernéiert Elteren eng nei Crèche fir hir Kanner eraus sichen.

Um Mëttwoch gouf et eng Perquisitioun an der Crèche zu Péiteng. Et gëllt d’Presomption d’innocence.

D’Betreiungsstruktur huet am Fréijoer 2022 hir Dieren opgemaach an huet 32 Kanner am Alter vun 0-4 Joer betreit.

Back to Top
CIM LOGO