Zu Lëtzebuerg gëtt deels scho mat der neier Technologie geschafft. Virop am administrative Beräich, der Comptabilitéit beispillsweis. Sozialaarbechter géifen och méi dacks mat Iwwersetzungssystemer um Smartphone schaffen, fir sech kënne mat Beneficiairen ze ënnerhalen, déi keng vun de gängege Sprooche schwätzen, erkläert den Dr Andreas Braun, Spezialist vun der Kënschtlecher Intelligenz bei enger grousser Berodungsfirma.
Sech der KI verschléissen ass keng Optioun. Dofir bitt d’FEDAS och scho spezifesch Formatioune fir d’Sozialaarbechter un. Dat wär néideg, fir hir Aarbecht, seet de Generalsekretär Thomas Lentz. Schonn eleng, well eng Rei Beneficiairen och mat der Kënschtlecher Intelligenz a Kontakt sinn.
“D’Opportunitéit ass an der Formatioun an der Educatioun vun de Pedagogen a vum Personal, déi encadréieren.” Och am Behënnerteberäich kéint den Asaz vun der Kënschtlecher Intelligenz interessant sinn.“Déi Leit gi jo gefërdert, dofir gi Programmer erstallt. D’KI erlaabt Iech esou Fërderprogramme méi schnell, méi effizient a méi global opzestellen.”
De soziale Secteur brauch eng souverän Infrastruktur
D’KI kéint och bei der obligatorescher Fall-Dokumentatioun hëllefen oder - wéi a Spuenien - fir ze préiwen, ob eng Persoun bedierfteg ass. “Wo zum Beispiel automatisch über die Zusammenführung von Daten aus verschiedenen Systemen eine Bedürftigkeitsprüfung stattfindet und Personen, die Anrecht haben auf eine Energiesubvention, diese auch automatisiert bekommen.” Zu Lëtzebuerg kéint esou ee System interessant si fir d’Subventionsloyer, betount den Dr Andreas Braun. Vill Leit hunn déi jo ze gutt, mee froe se net un.
Well et an der Sozialaarbecht dacks ëm ganz vulnerabel Mënsche geet, wär et wichteg KI-Systemer opzebauen, wou d’Date méiglechst lokal veraarbecht ginn. “Es ist wichtig, dass auch hier vor allem für den sozial-Sektor eine souveräne Infrastruktur aufgebaut werden kann, die technisch auf dem ersten Niveau ist aber wo man gleichzeitig die volle Kontrolle behält über die Daten.”