ChamberkommissiounMéi Pouvoire fir d'Agents municipaux an de Gemengen

Roy Grotz
Déi kleng Verstéiss an Incivilitéiten an de Gemenge sollen an Zukunft méi konsequent bestrooft a sanktionéiert ginn.

Duerfir kréien d'Pecherten an de Gemengen méi Pouvoiren, fir administrativ Geldstrofen ze ginn.

Et geet ëm zum Beispill d'Hannerloosse vun Knascht an de Gemengen (Littering), Vandalissem, d'onerlaabt Fiddere vun Déieren oder d'Futtimaache vun Gemenge-Besëtz grad wéi d'Net-Respektéiere vum Gemengereglement, wou dann de Pechert kann agräifen an net muss d'Police geruff ginn.

En entspriechenden Gesetzprojet, deen ewell viru 4 Joer vum deemolege Minister Kersch deposéiert gouf, gouf an der zoustänneger Chamberkommissioun analyséiert an ass op der leschter Ligne droite.

Wéinst enger Partie formellen Oppositioune vum Staatsrot goufen et ewell zwou Serië vun Amendementer - um Dënschdeg huet d'Inneministesch Taina Bofferding weider Ännerunge presentéiert.

Domat solle juristesch Onkloerheeten aus der Welt geschaaft ginn: ënnert anerem, wat d'Aussoe vun de betraffene Leit virum Pechert uginn, deen eng Sanktioun geschriwwen huet.

De Gesetzestext kënnt ewell bannent den nächste Wochen an d'Chamber. Rapporter ass den LSAP-Deputé-Maire Claude Haagen.

Back to Top
CIM LOGO