
Ronn 400 Milliounen Euro investéiert de Lëtzebuerger Staat dëst Joer an d'Entwécklungszesummenaarbecht an de sëllege Partnerlänner an Afrika, Asien a Süd-Amerika. Fir de Point iwwert d'Projete weltwäit ze maachen, gouf sech déi lescht 2 Deeg mat iwwer 200 Acteuren, déi um Terrain direkt mat den Aarbechte verbonne sinn, ausgetosch. Dobäi goufen och nei Strategien annoncéiert.
De Fokus läit zu engem groussen Deel um Sahel. Ronn ee Véierel vun der Finanzsprëtz geet u Projeten, déi a Länner ewéi dem Burkina Faso, Mali oder Niger baséiert sinn. Covid huet do, och beim finanzielle Volet, engem d'Liewen net méi einfach gemaach. D'Hëllefen hänken nämlech direkt um PIB, erkläert de Kooperatiounsminister Franz Fayot.
„Dat huet scho ganz reell Auswierkungen. Mir hu gekuckt, datt d'ONGe keng Sue verléieren. Mir hunn op anere Plaze gespuert. Mä mir si positiv agestallt, datt déi wirtschaftlech Reprise, déi sech scho fir dëst Joer annoncéiert, datt mer der Problematik an Zukunft kënnen aus dem Wee goen.“
Déi nei Lëtzebuerger Strategie soll iwwerdeems zukünfteg méi Fokus op d'Egalitéit vun de Frae setzen, op d'Ëmwelt- a d'Klimaproblematik, an op inklusiv Finanzementer.
„E Beispill ass, wa mer kënnen iwwert e Mikrokredit enger jonker Fra e Prêt gi fir, datt Si eng landwirtschaftlech Produktioun ka maachen. Dann huet se en eegenen, klenge Betrib, mat deem se beim Verkaf um Maart e weidert Akommes huet. Dat mécht déi Fra automatesch méi autonom a se huet gläichzäiteg méi Rechter an hirem Ëmfeld. Gläichzäiteg mécht een eppes, wat der Ëmwelt eppes bréngt an et huet een eis staark Mikrokredit-Instrumenter agesat. Esou kënnen déi 3 Punkten aneneegräifen.“
Eng Rëtsch Programmer a Partenariater mat Agencen an ONGe goufe respektiv ginn den Ament iwwerschafft a frësch orientéiert.
„Sief et d'Educatioun oder sief et d'Formation professionelle. Natierlech bléift och de Kampf géint den Honger eng Prioritéit, d'Autonomie Alimentaire oder den Zougang zu Drénkwaasser. Dobäi kommen awer och Facteuren ewéi erneierbar Energien an Ëmweltschutz.“
Weider soll iwwert déi nächste Méint méi iwwert d'Projeten un deene Lëtzebuerg participéiert, un d'Bierger kommunizéiert ginn. Et misst een de Leit weise wou d'Problemer an den Entwécklungslänner leien, esou nach de Constat.