Fedil: Prix de l'Innovation 2020Mat kënschtlecher Intelligenz Mënscheliewe retten

Jeannot Ries
Déi kleng Startup "Earthlab " ass dëst Joer eng vu 4 Lëtzebuerger Entreprisen, déi vun der Fedil am Kader vum Prix de l'Innovation geéiert goufen.
Mat kënschtlecher Intelligenz Mënscheliewe retten
Déi kleng Startup "Earthlab " ass dëst Joer eng vu 4 Lëtzebuerger Entreprisen, déi vun der Fedil am Kader vum Prix de l'Innovation geéiert goufen.

Méi prezis an der Kategorie "Digital". Zanter 5 Joer entwéckelen déi haut 8 Mataarbechter vun "Earthlab" kënschtlech Intelligenz "Made in Luxembourg". Verbonne ginn Technologien aus dem Weltraumdomaine an den ICT, den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, fir weltwäit Mënschen an Entreprisen d'Liewen ze vereinfachen.

Eng Startup, déi ënner anerem konkret un engem Projet schafft, fir mat der Kombinatioun vu Satellittebiller an Opname vun Dronen a Katastrophegebidder Mënscheliewen ze retten.

Gegrënnt gouf d'Startup "Earthlab" 2015 wéi sech déi Lëtzebuerger Aktionären Post an Hitec mat franséischen an italieneschen Aktionären zesummegedoen hunn. Aus der Erfarung eraus behält de Manager Thomas Friederich zeréck, datt d'ëffentlech Ënnerstëtzung vun innovative Projeten, duerch zum Beispill d'Lëtzebuerger Weltraumagence, ee vun de groussen Avantagë vum Standuert Lëtzebuerg ass.

Kënschtlech Intelligenz, Big Data, déi méi wéi jee enger Menace ausgesat sinn: der Cyber-Kriminalitéit. En Challenge, deem sech d'Ekipp vun "Earthlab" och ënnert anerem ugeholl huet. Nom Motto: "D'kënschtlech Intelligenz an den Déngscht vum Mënsch setzen, fir eng besser Zukunft, egal wou een op dëser Welt lieft." Dat kléngt Utopesch. Eng Erausfuerderung, déi d'Ekipp vun "Earthlab" zanter 5 Joer vu Lëtzebuerg aus mat vill Energie ugeet.

PDF: Schreiwes vun der Fedil

Back to Top
CIM LOGO