Dobäi gi grad Otemschutzmasken net recommandéiert fir den normale Bierger. D'Maske schützen nämlech net viru Viren, mä sinn eigentlech fir Leit geduecht, déi scho krank sinn.
Elo sinn déi Saachen esou gutt wéi ausverkaaft oder si ginn zu bal schonn absurde Präisser ugebueden. An net ëmmer mécht et iwwerhaapt Sënn, sech mat deene Saachen anzedecken. Awer gesäit een ëmmer erëm Fäll vun Offeren, déi mat der Angscht vun de Leit Sue maachen. Virun allem um Internet kann een do scho mol ee vill ze héije Präis bezuelen.
Am Prinzip kascht eng Otemschutzmask jee no Model, ëm déi 3 Euro. Grad esou wéi eng kléng Fläsch Désinfectant. A Frankräich ginn Otemschutzmaske souguer scho beschlagnaamt an Däitschland ass et verbueden, d'Wuer z'exportéieren.
Och zu Lëtzebuerg kéint de Staat an de Marché agräifen, wann et eng Kéier net méi genuch Maske sollt ginn. Den Ament wären awer nach genuch Désinfectanten an Otemschutzmasken an de Stocke vun der Santé. Déi sinn awer net fir jiddereen, mä virun allem fir déi Léit, déi am Sanitärberäich schaffen.