
"De Protocole d'Accord, esou wéi en tëscht dem Sportsministère an dem Promoteur fir de Sportsmusée ënnerschriwwe ginn ass, war falsch an et si kloer Feeler geschitt", dat sot d'Sportsministesch Martine Hansen e Méindeg de Mëtten an der Budgetskontrollkommissioun um Krautmaart. Een Avis juridique, deen de Sportsministère nom deemolege Minister Mischo senger Demissioun an Optrag ginn huet, ass zu dëse Conclusioune komm.
Iwwer de Sportsmusée gouf jo schonn d'lescht Woch diskutéiert, vill Froe stoungen nach op, dofir waren de Finanzminister Gilles Roth, d'Sportsministesch Martine Hansen, allebéid CSV, an déi liberal Bauteministesch Yuriko Backes e Méindeg an der Kommissioun fir den Deputéierten op hir Froen ze äntweren. De Finanzminister Roth huet erkläert, datt hien a seng Beamten net iwwer de Protocole d'accord informéiert gewiescht wieren, an eréischt aus der Press dovunner héieren hätten. Den zoustännege Beamte François Knaff aus dem Sportsministère huet erkläert, datt een net express, mee "aus Onwëssen", net iwwer de Protocole d'accord kommunizéiert hätt. Och no dëser Reunioun bleiwen nach eng Rei Froen ongekläert, zum Beispill déi, firwat op e Mol vun engem Kongresszenter rieds war an net méi vun engem Musée.
Aner Froen an dësem Dossier betreffen d'Roll vu staatlechen Instanzen, ënner anerem dem zoustännege Contrôle financier oder dem Comité d'Acquisition vum Finanzministère.