Invité vun der Redaktioun (18. Mäerz)Mars Di Bartolomeo, LSAP-Députéierten

François Aulner
E Mëttwoch de Moie sinn de Mindestloun, den Drock op Betriber an den onbezuelbare Wunnraum Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Mars Di Bartolomeo
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Findel-Clinic heescht elo Findel-Medic – dorop huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez leschte Freideg an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro opmierksam gemaach. Den LSAP-Députéierte Mars Di Bartolomeo, deen tëscht 2004 an 2013 Minister fir Santé an d’Sécurité sociale war, hat ënnert anerem gefrot, ob de Numm Clinic an Aklang mam Spidolsgesetz wier.

Fir doriwwer an aner permanent kontrovers Diskussiounen am Gesondheetssecteur ze schwätzen, war de Mars Di Bartolomeo och eisen Invité vun der Redaktioun. Mat him hu mer och iwwert de Mindestloun, den Drock op Betriber an op der anerer Säit den onbezuelbare Wunnraum geschwat.

Invité vun der Redaktioun: Mars Di Bartolomeo

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO