Zanter dem 20. Januar ass de Marc Hansen nees Deputéierten. Den DP-Nord-Politiker huet an der Chamber d’Successioun vu sengem Parteikolleeg Fernand Etgen ugetrueden, dee seng politesch Pensioun geholl huet. Déi lescht zwee Joer war de Marc Hansen weder politesch nach soss berufflech aktiv, mee huet als fréiere Minister vu sengem Iwwergangssalaire gelieft. Als President vun der parlamentarescher Defense-Kommissioun dierft et him an Zukunft awer net un Aarbecht feelen.
“Golf gespillt” an “d’Wiss geméint”, dat sinn déi zwou Äntwerten, déi een am meeschte krut, wann een an der Lescht DP-Politiker gefrot huet, wat de Marc Hansen an den zwee Joer no de Chamberwalen 2023 sou gemaach huet. Ma e bëssi méi war et dem neien Deputéierten no dann awer. En hätt d’Zäit genotzt, fir sech ëm seng Fra a seng Meedercher ze këmmeren an en hätt sech och mat Membere vu senger eegener awer och vun anere Parteien ausgetosch. Datt een an der Ëffentlechkeet keng politesch Kommentare vun him héieren hätt, wier iwwerdeems ee bewosste Choix gewiescht. Hien hätt net wëllen “d’Schwéiermamm spillen”, déi alles besser weess. Mat engem Retour an d’Politik hätt hie sech eréischt virun e puer Méint konkret beschäftegt. Vu laanger Hand geplangt wier de Wiessel op alle Fall net gewiescht.
“Zu engem gewësse Moment no deene leschte Walen ass deen dote Gedanke vum Här Etgen eng Kéier thematiséiert gi gewiescht. Dono hunn ech mer doriwwer keng Gedanke gemaach, well ech mech net mat Hypotheese beschäftegen, ob da lo een zerécktrëtt oder net. Dat heescht, ech hunn déi Decisioune geholl, wéi ech wosst a vun der Partei matgedeelt kritt hunn, datt dat doten de Fall wär. Virdrun hunn ech gesot an och alleguerten deene Leit, déi déi Diskussioune gefouert hunn, wat wär da wann a wann en da lo géif a wann net, dat ass alles fir mech kee Sujet.”
Hien hätt och net matkritt, datt aner DP-Politiker op de Fernand Etgen agewierkt hätten, fir en zum Récktrëtt ze beweegen.
Datt hie selwer d’Méiglechkeet vum Traitement d’attente, also dem Iwwergangssalaire fir Ex-Ministere wärend der voller Zäit vun zwee Joer an Usproch geholl huet, huet de Marc Hansen an éischter Linn domadder begrënnt, datt hien net an een Interessekonflikt gerode wollt. Hie wéilt net wëssen, wat et fir Diskussioune ginn hätt, wann hien als fréieren Digitaliséierungsminister zum Beispill eng Plaz bei enger Tech-Entreprise ugeholl hätt.
An der Chamber ass de Marc Hansen elo President vun der Defense-Kommissioun. Et wier schlëmm, datt een haut an Europa nees doriwwer schwätze misst, wéi ee sech am Fall vun engem Krich schütze kann, mee déi geopolitesch Situatioun géing dat ebe leider erfuerderen.
“Mir kommen net dolaanscht, fir eis do gutt opzestellen, an dann däerfe mer dat och net ze vill banaliséieren. Et ass och gutt, datt mer zum Beispill Defense Bonds hunn an dat hei zu Lëtzebuerg op déi Aart a Weis maachen, fir do och Suen zur Verfügung ze stellen, mee mir dierfen dat net nëmme gesinn, wéi wann déi Defense Bonds just ee Finanzprojet sinn, hannendrun ass nach ëmmer eng batter Realitéit, sou datt mer dat als Lëtzebuerg mat där néideger Behutsamkeet sollen ugoen.”
De Marc Hansen war vun 2018 bis 2023 ënnert anerem Minister vun der Fonction publique. Datt säi Successeur Serge Wilmes d’Fuerderung vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB, fir un de Verhandlungen iwwert de Gehälteraccord am ëffentlechen Déngscht bedeelegt ze ginn, zeréckgewisen huet, wier nëmme logesch. Datt déi Verhandlungen exklusiv mat der CGFP gefouert ginn, wier ëmmerhi virun de Walen 2023 ee breede Konsens gewiescht.
“Alleguerten d’Parteien, ausser déi Lénk an d’Kommunisten, mengen ech mech ze erënneren, hu gesot, datt se dat sou géinge maachen, wa se an der Regierung wären. Mäi Virgänger, dat war den LSAP-Minister Dan Kersch, huet et sou gemaach, ech hunn et sou gemaach, dofir ass dat lo keng Iwwerraschung fir mech, wann de Serge Wilmes dat mécht.”
Den OGBL an den LCGB géinge jo och net ganz ausgeschloss ginn, si wieren zum Beispill bei de Verhandlungen iwwert de Kollektivvertrag vun de Staatsaarbechter mat dobäi.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.