
Am Januar dëst Joer huet den Zentralstaat Recettë vun 1,8 Milliarden an Depense vun 1,9 Milliarden Euro realiséiert. E minimalen Defizit, ma d'Situatioun awer ass op den éischte Bléck besser ewéi nach am Januar d'lescht Joer, obwuel de Covid-19 do nach net wierklech an Europa ukomm war.
Et wier ze schwiereg, fir esou e Progrès just op ee Mount ze kucken. Esou eppes géing iwwert e puer Méint, och well dacks méi spéit comptabiliséiert gëtt. Et misst ee sech e Semester gi fir méi pertinent Konklusiounen ze zéien, esou de Bilan vum President vun der zoustänneger Chamberkommissioun André Bauler.
„Nach muss een awer soen, datt dat eng gutt Saach ass fir de Moment. Ech géif awer mengen, datt mer trotzdeem net an d'Luucht sprange sollen, mee virsiichteg bleiwen.“
Konkret huet ee fir de Mount Januar eng Erhuelung bei de Recetten, souwuel bei den direkten ewéi och indirekte Steiere gespuert – e Plus vun 2,8%.
„Et stellt een awer och fest, datt mer en Abroch hu bei den Accisen. Dat huet engersäits mam reduzéierten Trafic op de Stroossen ze dinn duerch den Teletravail, awer och sécherlech mat der CO2-Tax, déi op de Camionen opgehuewe gëtt a vill Chauffere vu Lëtzebuerg ewechgehalen huet. Do hu mer sécherlech manner Accisen erakrit.“
Effektiv ass et hei en Abroch vu bal 35%. Virun allem d'Camionneure géife mëttlerweil méi an der Belsch tanken. Fir d'Repercussioun vun der CO2-Steier op den Individualverkéier anzeschätzen, wier et awer nach ze fréi, esou den DP-Deputéierten. Ma och beim Tubak, den Zigaretten, ass et eng Baisse vun ëm déi 20 Milliounen Euro an den Accisen.
Beim Enregistrement hätt een iwwerdeems 20 Millioune méi erakritt. Eng méiglech Erklärung, esou d'CSV-Deputéiert Diane Adem, wier den Investitiounsdrock während der Kris.
„Et ass méiglech, datt Leit, déi nach an de Steen investéiere wollten, dësen Ënnerscheed ausmaachen. Et ka sinn, datt Leit elo nach séier Appartementer kaf hunn, déi fäerdeg do stinn, fir nach kënne vun deem Steiervirdeel ze profitéieren.“
D'Ausgabe vum Staat belafe sech op 1,9 Milliarden Euro. Dat sinn 3,4 Prozent manner ewéi nach dat Joer virdrun. Et bléift bei engem Defizit vun 152 Milliounen Euro.