
D'Affer hat säi Won tëscht Stroossen a Briddel um klenge Parking beim Waasserwierk geparkt a wollt erausklammen, wéi hie vun 2 jonke Fraen ugegraff a geschloe gouf. D'Affer wollt bei der Strooss no Hëllef sichen, wéi e jonke Mann op en duerkoum an him mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen huet. D'Affer ass doropshin op de Buedem gefall a gouf vun deenen 3 mat Féiss gerannt.
No der Dot sinn d'Brigange mat engem sëlwerege VW Passat - en eelere Modell - mat däitsche Placken, op deene "BIT" fir Bitburg stoung, a Richtung Briddel geflücht. Eréischt am Spidol ass dem Affer opgefall, dass eng wäertvoll Auer vun der Mark "Patek Philippe" geklaut gouf.
Wéi d'Police weider mellt, wier de genannten Auto schonn eng Stonn virum Iwwerfall an der Géigend vu Märel opgefall, well en am Schrëtttempo op verschiddene Stroossen ënnerwee war.
Täterbeschreiwung:
1. Fra tëscht 20 a 25 Joer, 1,60 bis 1,65 Meter grouss, schlank a blond Hoer.
2. Fra tëscht 20 a 25 Joer, 1,50 bis 1,55 Meter grouss an däischter Hoer.
3. Mann vun ongeféier 30 Joer, 1,75 bis 1,80 Meter grouss a sportlech gebaut.
Wéi d'Police schreift, hätten déi 3 Täter rumänesch Originnen.
Eventuell Zeien, déi den Iwwerfall den 24.11.2020 oder de verdächtege VW Passat gesinn hunn, solle sech bei der Police judiciare (spj.rgb@police.etat.lu) oder um 113 mellen.