Mat Messer attackéiertMann no Kierperverletzung a Restaurant festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend koum et zu Dikrech an engem Restaurant zu enger Ausernanersetzung, bei där ee Mataarbechter e fréiere Salarié ugegraff huet.
© RTL Archiv

Aus bis ewell ongekläerte Grënn huet de Mataarbechter de fréiere Salarié mat engem Messer aus der Kichen attackéiert an uerg un der Hand blesséiert. Dem Blesséierten ass et gelongen, fir de Mann z'iwwerwältegen. D'Police huet de presuméierten Täter op der Plaz immobiliséiert. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl, koum en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter an d'Messer gouf séchergestallt.

An der Nuecht op en Dënschdeg hat sech kuerz virun Hallefnuecht e Mann bei der Police gemellt, well hie vun zwou Persounen, déi hien a sengem Auto matgeholl hat, beklaut gi wär. Wéi d'Police um Parking op der A3 ukomm ass, war de Mann, deen ugeruff hat, nach op der Plaz. Hien huet de Beamten direkt gezielt, datt hien ënner Drogen- an Alkoholafloss géing stoen, kee Führerschäin hätt a säin Auto net uerdnungsgemäss ugemellt a verséchert wär. Den Alkohol- an Drogentest sinn dann och positiv ausgefall an och déi aner Informatiounen hu sech no enger Iwwerpréiwung bestätegt. De Mann huet der Police nach eng Kugel Kokain an eng weider Kugel vun enger anerer Substanz iwwerreecht. De Parquet gouf iwwert de Fall informéiert an huet d'Beschlagnamung vun den Drogen an dem Auto ordonéiert. De Mann koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Eng Plainte gouf gemaach.

Da gouf e Méindeg den Owend kuerz virun 23 Auer nach e Mann a säi Bäifuerer bei enger Kontroll an der Avenue Gordon Smith zu Colmer-Bierg mat Drogen an enger illegaler Waff erwëscht. En Drogentest beim Chauffeur ass och positiv ausgefall an de Mann huet sech an der Klinick missen ënnersiche loossen. Eng Plainte wéinst Verstouss géint de Code de la Route an dem Drogen- an illegale Waffebesëtz gouf gemaach.

Back to Top
CIM LOGO