Police-BulletinMann menacéiert Fra mam Doud an zerstéiert Wunneng

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend huet d'Police e Mann festgeholl, deen an d'Wunneng vu senger Ex-Fra agebrach war a si bedroht hat.
© RTL (Archiv)

De Mann war en Donneschdeg den Owend fir d'éischt an d'Wunneng vu senger Ex-Fra agebrach, hat hir du vum Haustelefon aus ugeruff a mam Doud gedreet, an hat alles an der Wunneng kuerz a kleng geschloen.

D'Fra hat doropshin d'Police geruff, well si nom Uruff Angscht hat, mat hire Kanner heem ze goen. Wéi d'Police de Mann, deen alkoholiséiert war, wollt mat op de Büro huelen, hätt dëse sech hefteg gewiert, sou d'Police. De Mann koum e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO