
Zu Esch gouf der Police hënt e Mann gemellt, deen ausser sech war, a mat engem Messer an der Strooss géif ronderëm lafen a randaléieren.
Wéi d’Police op der Plaz ukoum ass hie mam messer am Grapp op d’Beamten duergaangen.
D’Polizisten hu musse Pefferspray asetzen, fir de Mann ze immobiliséieren an hien an de Passage-Arrest ze bréngen.