
Wéi d'Police gemellt hat, gouf e Méindeg am Nomëtteg, bis an den Owend eran, no engem Mann gesicht, deen am Raum Bäreldeng op der Flucht war. Dëse soll sech virdrun enger Kontroll entzunn hunn. Mëttlerweil gouf den Asaz an d'Sich gestoppt, huet et e Méindeg de Moien säitens der Police geheescht. D'Ermëttlungen géifen nach lafen.