AviatiounLuxairport prett, fir Passagéier z'empfänken

RTL Lëtzebuerg
Den 29. Mee mécht den nationale Fluchhafen seng Dieren nees fir Passagéier op. Deen Dag ginn déi éischt Flich op Stockholm, Porto, Hamburg a München.

Um Luxairport gëtt alles ënnerholl, fir eng maximal Sécherheet fir d'Passagéier an d'Mataarbechter zu garantéieren. Dobäi gëtt sech un d'Reegelen an d'Virschrëfte vun den nationalen Autoritéiten, der EU an der europäescher Agence fir Fluchsécherheet orientéiert, esou schreiwe si an engem Communiqué.

PDF: De Communiqué vu Luxairport

Back to Top
CIM LOGO