Et sollt vum Findel aus a Schweden goenLuxair-Maschinn Richtung Stockholm huet et Sonndeg misse kuerz nom Start ëmdréien a landen

RTL Lëtzebuerg
D'Maschinn gouf ersat an d'Passagéier konnte e wéineg méi spéit dee Mueren hire Fluch op Stockholm mat e wéineg Retard nohuelen.
Symbolbild: Foto vun enger Havilland Q400
Symbolbild: Foto vun enger Havilland Q400
© Domingos Oliveira / RTL

E Sonndeg de Moie koum et zu engem Tëschefall bei engem Luxair-Fluch, deen a sech op Stockholm a Schweden geplangt war. Heibäi huet et sech ëm de Fluch LG5781 gehandelt, deen um kuerz virun 9 Auer moies e Sonndeg gestart ass. Wéi Luxair e Méindeg RTL géigeniwwer matdeelt, koum et zu enger technescher Indikatioun, also engem Warn-Hiweis wärend dem Fluch. Fir dëst ze préiwen, wier d'Maschinn aus Sécherheetsgrënn kuerz nom Start nees ëmgedréit an och sécher zu Lëtzebuerg um Findel gelant.

D'Maschinn gouf ersat an d'Passagéier konnte e wéineg méi spéit dee Mueren hire Fluch op Stockholm mat e wéineg Retard nohuelen.

D'Luxair seet, dass bei ronn 32.000 Flich am Joer et bei manner wéi 0,5% vun de Luxair-Flich zu sou preventive Sécherheetsmesurë kënnt, ma et wier awer d'Standard-Prozedur bei esou Tëschefäll. Dobäi kënnt, datt et fir d'Luxair déi sënnvollst operationell Léisung ass, zeréck op Lëtzebuerg ze fléien, well eben déi technesch Basis um Site vum Findel ass.

Dann huet déi national Fluchgesellschaft och nach erkläert, datt een de Samschdeg wéinst Niwwel zu London dee Vol huet missten annuléieren. E Passagéier, deen RTL kontaktéiert hat, hat vun eventuellem Kerosin-Manktem geschwat, wat d'Fluchgesellschaft awer net esou confirméiere konnt.

Back to Top
CIM LOGO