
Den Temps partiel familial ass kee Fortschrëtt, mä e Réckschrëtt, sou d'Kritik vun der LSAP an engem Communiqué e Freideg. Eng Aarbechtszäit-Verkierzung dierft net bedeiten, datt d'Employéen op en Deel vun hirem Loun verzichten, dat wier eng Aarbechtszäit-Politik just fir déi Leit, déi sech et leeschte kéinten, schreift d'Maxime Miltgen.
D'Co-Parteipresidentin verweist och drop, datt et virun allem Frae sinn, déi hir Aarbechtszäit aus familiäre Grënn reduzéieren. D'Fraktiounscheffin Taina Bofferding bedauert iwwerdeems, datt d'Changementer bei der Aarbechtszäit vum Accord mam Patron ofhänken.
Den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz hat um Radio100Komma7 annoncéiert, datt den Temps partiel familial d'nächst Joer soll agefouert ginn. D'Eltere vu Kanner, déi manner wéi 13 Joer hunn, sollen hir Tâche ëm 10 Prozent kënne kierzen.
Déi nei Mesure soll kee Recht ginn, mä op Fräiwëllegkeet baséieren. Den Temps partiel familial soll am Hierscht e Sujet am Comité permanent du Travail et de l'Emploi ginn.
No der LSAP gëtt et och vun déi gréng Kritik un de Pläng vun der Regierung fir en Temps partiel familial. Wéi d’Deputéiert Djuna Bernard op der Social-Media Plattform Facebook schreift, wier et en evidente Problem, datt et kee Recht soll ginn. De CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz hat géigeniwwer dem Radio 100,7 erkläert, datt de Salarié sech misst mam Patron eens ginn, fir seng Tâche ëm 10 Prozent ze reduzéieren, bis d’Kand 13 Joer huet. Déi gréng Deputéiert kritiséiert och d'Pläng fir e Congé am Fall vun enger Feelgebuert. Dat wier wuel e Schratt an déi richteg Richtung. Problematesch wier awer, dass dëse Congé eréischt vun enger Fausse Couche vun der 22. Schwangerschaftswoch u soll kënne geholl ginn.