
D'Kandidatur muss bis iwwernächst Woch an der Chamber leien, wou dann och de Vott ass, fir de Poste vum Affekot Yves Wagener ze besetzen, deen no sechs Joer am héije Gremium demissionéiert hat.
Eng Majoritéit fir déi studéiert Juristin Paulette Lenert gëllt als sécher an d'Ofstëmmen am Plenum vun der Chamber als Formalitéit. Domat ass dann de Wee fir de jonken Ost-Politiker Ben Streff fräi, fir an der Chamber nozeréckelen.
D'Karriär vun der Riichterin, iwwert d'Ministesch bis zur Deputéiert, kéint iwwerdeems fir déi 57 Joer al sozialistesch Politikerin geschwënn an eng weider Etapp goen. Wéi Reporter geschriwwen hat, ass d'Paulette Lenert gefrot ginn, fir d'Koordinatioun vum Lëtzebuerger Pavillon op der Welt-Ausstellung 2030 zu Riad z'iwwerhuelen.
RTL géintiwwer sot d'fréier Santésministesch, datt si iwwert dës Offer aktuell géif nodenken, mee nach keng definitiv Decisioun geholl hätt.
Domat géif d'Ex-LSAP-Spëtzekandidatin dee selwechte Parcours aschloen, wéi zB d'DP-Politikerin Maggy Nagel, déi och no hirer Demissioun 2015 als Logements- a Kulturministesch d'Koordinatioun fir d'Weltexpo 2020 zu Dubai iwwerholl hat.
Aner fréier Ministeren, déi Weltexpoen als Generalkommissären koordinéiert haten, waren ënner anerem de Jean Hamilius fir d'Expo 1992 zu Sevilla, oder och d'LSAP-Politiker Lahure a Goebbels an de Joeren 2000 respektiv 2010.