Ech bedaueren, datt d'Chamber bis ewell nach keng Informatioune kritt huet. Wann näischt gesot gëtt, schaaft ee Raum fir Spekulatiounen an dat wier net gesond, sot d’Liz Braz e Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun iwwert déi rezent Dronevirfäll. D'LSAP-Deputéiert huet vun enger frappant schlechter Kommunikatiounspolitik vun der Regierung geschwat.
Wat d'Steierreform ugeet, fuerdert d'LSAP scho méi laang eng Individualiséierung. Mä sou wéi Schwaarz-Blo et aktuell virgesäit, ass een net zefridden. Et wär eng "Strenzepolitik", ouni richteg Prioritéit. Jidderee géif entlaascht ginn. D'Leit sollte vill méi cibléiert entlaascht ginn a virun allem déi, déi am meeschte vum Aarmutsrisiko betraff sinn. Déi ugeduechte Reform géif virun allem de Leit mat grousse Fortunen entgéintkommen, fënnt d'Liz Braz. Famillje géifen ze kuerz kommen.
Wat Rumeuren ugeet, datt d'Liz Braz villäicht d'Partei wéilt wiesselen, sot si, datt do näischt dru wier. Si wär net un esou eppes interesséiert. Si wär ganz frou do, wou se ass, a géif sech ganz wuel fillen. Si hätt zu kengem Ament esou Gespréicher gesicht, fir fort. Am Juni hätt et e bëssen en Eclat an der Asylpolitik ginn. Do wär een intern net gutt preparéiert gewiescht, mä dat géif net méi virkommen. Si géif als "zentristesche Flillek" vun der Partei bezeechent ginn, domadder kéint si gutt liewen. Si géif d'Wäerter vun der Partei deelen a wär duerch an duerch Sozialdemokratin.
Zu Esch bleift d’Deputéiert net am Gemengerot. Si plënnert d'nächst Joer an d'Stad a muss dowéinst hiert Gemengerotsmandat néierleeën, huet si am RTL-Interview confirméiert. Am Dezember wäert hir lescht Gemengerotssëtzung zu Esch sinn. Ob si dann och bei den nächste Chamberwalen am Zentrum matgeet, hu mer d'LSAP-Politikerin gefrot. Et wär nach wäit bis dohinner. Si misst och kucken, wéi déi Stater sou en "Escher Alien" ophuelen. Wa si bis dohinner nach Loscht hätt un der Politik, géif si hirer Partei zur Verfügung stoen. Mä dat wär net si, déi dat decidéiert.
Invité vun der Redaktioun: Liz Braz
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.