Erasmus+"Life-long-learning": 68 Projete fir 9 Milliounen Euro 2019 zu Lëtzebuerg

Tim Morizet
Den Erasmus ass scho laang net méi just dat traditionellt Auslandssemester op der Uni.
Bilan Erasmus+
Den Erasmus ass scho laang net méi just dat traditionellt Auslandssemester op der Uni.

Life-long-learning fir jiddereen ass d'Devis vum Erasmus+, e Programm vun der Europäescher Kommissioun, deen zanter 2014 och fir all Schüler am Primaire a Secondaire a fir déi, déi eng Léier maachen, gëllt. 68 Projete goufe bis ewell dëst Joer am Grand-Duché accordéiert, dat am Wäert vu knapp 9 Milliounen Euro.

Den EU-Programm vergëtt Budgeten un déi verschidde Länner fir all méiglech Projeten an de Beräicher Educatioun, der Formatioun an dem Jugendberäich. Hei kënne virun allem Schoulen awer och aner Institutiounen hiert d'Personal fir eng Formatioun Continue an d'Ausland uechter Europa schécken.

Ma och an der Formatioun Professionell gëtt et hei d'Optioun d'Schüler mat Stagen am Ausland ze ënnerstëtzen.  Hei kënne si Erfarunge sammelen, déi hëllefen, d'Erausfuerderungen op europäeschem Niveau ze verstoen. Dat ass wichteg fir Leit, déi spéiderhin en eegene Betrib wëlle féieren.

En Erasmus+ ass eng Succes-Story. Gutt 500 Projete goufen zanter 2014 zu Lëtzebuerg accordéiert. Hei dierften nach e puer dobäi kommen. Fir 2020 gouf de Budget vun der Kommissioun nach eng Kéier op 9,3 Millioune fir de Grand-Duché gehéicht.

Back to Top
CIM LOGO