Samu zwee Mol am AsazCGDIS mellt véier Accidenter mat all Kéiers engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Gläich zwee Mol huet de Samu um Donneschdeg de Moie missen ausrécken, dat wéinst Accidenter, wou Vëlosfuerer a Motocyclisten involvéiert waren.

Um kuerz viru 7 Auer um Donneschdeg de Moie koum et op der N11 tëscht Dummeldeng an der Brennerei zu enger Kollisioun tëscht engem Vëlo an enger Camionnette. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert, op der Plaz waren de Samu an d'Secouristen aus der Stad.

Um 9:13 Auer gouf et e weideren Accident mat engem Cyclist, dee vun engem Auto ugestouss gouf. Geschitt ass dëst an der Rue des Romains zu Stroossen. De CGDIS mellt ee Blesséierten, am Asaz waren d'Ekippen aus der Stad, vu Mamer a vu Bartreng.

Eng véierel Stonn méi spéit gouf et nach een Accident zu Stroossen, dat op der Route d'Arlon. Hei sinn en Auto an e Bus kollidéiert, dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Och hei goufen d'Ekippen aus der Stad, vu Mamer a vu Bartreng op de Plang geruff.

Um 10:31 Auer ass an der Rue de Drusenheim zu Schëffleng e Motocyclist an e Bam gerannt a blesséiert ginn. Hei war de Samu am Asaz, genee wéi d'Ekippe vun Esch a vu Schëffleng.

Back to Top
CIM LOGO