Face-à-face mam Lex Delles a Blanche WeberGoufen op der Tripartite an der Energiefro Chancë verpasst?

Claude Zeimetz
E Freideg sinn d'Energiemesuren aus dem Tripartitesaccord Theema an der Emissioun "Face-à-Face".

Virun der Tripartite huet d'Regierung ëmmer vu cibléierte Mesure geschwat, déi een huele géif, fir d'Leit bei der Hausse vun den Energiepräisser wéinst dem Iran-Krich ze ënnerstëtzen. Ma zu Senneng war dovunner op eemol keng Rieds méi.

D'Sozialpartner hu sech fir eng allgemeng Baisse vun de fossille Brennstoffer an dem Stroum ausgeschwat. An engems soll awer d'Energietransitioun virugedriwwe ginn, fir datt de Grand-Duché manner ofhängeg vun externe Schocke gëtt.

Wéi passt dat zesummen? Wat brauch et, fir datt den Ëmschwong klappt? A goufen op der Tripartite Chancë verpasst?

Dat diskutéieren d'Presidentin vum Mouvement écologique Blanche Weber an den DP-Energieminister Lex Delles an engem "Face-à-Face" um 8 Auer live um Radio.

Back to Top
CIM LOGO