Constat vun CCDH an IDVLëtzebuerger Recht bei Responsabilitéit vun Entreprisë schwaach opgestallt

Claudia Kollwelter
D'Lëtzebuerger Recht ass schwaach opgestallt a Punkto Responsabilitéit vun den Entreprisen, sou de Constat vun der Mënscherechtskommissioun zesumme mat der Initiativ "pour un devoir de vigilance", nodeems se en Avis juridique bei der Etude "Moyse & Associate" an Optrag ginn hunn.
De Jean-Louis Zeien, d'Noémie Sadler an de Me François Moyse op der gemeinsamer PK vun CCDH an IDV.
© Claudia Kollwelter

D'Lëtzebuerger Recht ass schwaach opgestallt bei der Responsabilitéit vun den Entreprisen. Dat ass de Constat vun der Mënscherechtskommissioun, zesumme mat der Initiativ "pour un devoir de vigilance", nodeem se en Avis juridique an Optrag ginn hunn. Op enger gemeinsamer Pressekonferenz e Mëttwoch de Moie goufe kloer Fuerderunge gestallt.

D'EU-Direktiv fir d'Liwwerkettegesetz soll bis Juli 2028 an nationaalt Recht ëmgesat ginn. Aktuell géif et awer nach un der richteger Legislatioun feelen, wouduerch et enorm Hürde géife ginn, déi bal onméiglech ze iwwerwanne wieren, betount de Jean-Louis Zeien vun der Initiativ "pour un devoir de vigilance".

“Sécurité juridique, loi de police, reell Chancë fir d'Afferen, zu hirem Recht ze kommen, wa se Schued hunn, déi musse geschaaft ginn. Dat ass am Interêt vun den Affer, mee awer och souguer vun den Entreprisen.”

D'Lëtzebuerger Regierung soll sech op enger Partie Punkten un den Nopeschlänner inspiréieren, betount d’Noémie Sadler, Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun.

“A Frankräich gëtt et eng gesetzlech Basis fir e Recours collectif, wann déi dann dee Moment en Interêt à agir huet, dat heescht, se muss awer e gewëssen Interessi hunn, fir eeben déi Clos dann ze maachen. Respektiv an Däitschland, do ginn et Associatiounen, déi si berechtegt ze kloen, soubal Elementer vun der Direktiv an hire Statuten ernimmt ginn.“

Den Avis géif weisen, datt et aktuell ze vill Facteure géife ginn, fir den Affer den Zougang zur Justiz ze erschwéieren oder onméiglech ze maachen. Eng Fuerderung ass dofir d'Méiglechkeet vu Sammelkloen.

“Dat huet fir d'Affer ganz kloer de Virdeel, dass se sech kënnen zu puer zesummen doen an dann eebe Käschte spueren a si hunn och en anert Kräfteverhältnis, et ass eeben elo eppes aneschters, ob elo do ee peruanesche Bauer steet, deen eppes wëll akloen oder ob et der elo 100 sinn oder vläicht souguer 500 oder souguer nach méi, déi dee Moment da géifen hir Rechter geltend maachen.”

Eng weider Fuerderung ass déi, datt d'Geriichter hei am Land d'Lëtzebuerger Recht applizéieren an net dat vun aneren Drëttstaaten, datt bei Entreprisen, déi hire Sëtz hei am Land hunn, och d'Lëtzebuerger Recht gëllt an net dat, wou de Schued geschitt ass.

Fannt hei de Pressecommuniqué zur PK
Fannt hei de juristeschen Avis vum Maître Moyse
Fannt hei d'Recommandatioune vun der CCDH an IDV

Back to Top
CIM LOGO