Ausbau vum DefensesecteurLëtzebuerg wëll e "Retour économique" vu Verdeedegungsausgaben

Fanny Kinsch
D'Lëtzebuerger Regierung wëll eng wirtschaftlech Retombée vun den héije Militärausgabe gesinn. Dat seet den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles, deen d'lescht Woch en neie gesetzleche Kader fir d'Verdeedegungsindustrie op den Instanzewee geschéckt huet.
De fréiere Site vu Liberty Steel zu Diddeleng
© RTL

Haut scho géinge Betriber zu Lëtzebuerg an deem Beräich schaffen, de Kader wier awer net kloer gewiescht, esou de Lex Delles.

"Mir hunn e Gesetz vun 2022, wat d'Produktioun vu Sportswaffe virgesäit, do ass dat hei net ofgedeckt, a fir do e klore Kader ze ginn, hu mer dat Gesetz hei gemaach."
De Verdeedegungssecteur soll awer och ausgebaut ginn. Duerch d'Nato-Ziler géing Lëtzebuerg vill fir d'Defense ausginn, an do wéilt een och, dass eppes zréckkënnt, esou de Wirtschaftsminister:

"Wa mer vum Retour économique schwätzen, da schwätze mer dovunner, dass wa Lëtzebuerg héich Investissementer an eis Arméi mécht, dann hätte mer och gäre vun deenen Entreprisen, déi Zouliwwerer si vun der Arméi, och gären e gewëssene Retour économique, mat zum Beispill Entretien hei zu Lëtzebuerg, dass och eng Aktivitéit hei ass, dass déi Suen, déi do ausgi ginn net nëmme verluer sinn, dass mer do och Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg schafen, Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg hunn."

Et wier een och scho konkret mat Entreprisen a Kontakt, déi am Beräich vum Entretien géinge schaffen an interesséiert wieren, sech um ale Site vu Liberty Steel zu Diddeleng néierzeloossen. Do soll och en Incubateur entstoen.

"Eng traditionell Entreprise, déi hei zu Lëtzebuerg ass, déi och vläicht wëll an de Secteur vun der Defense eriwwer wiesselen, déi wäert misse Recherche maachen, déi muss Developpementer maachen, an engem securiséierte Kader."

Entreprisen, déi Kampffliger, Panzer oder Rakéite bauen, wäerten awer keng op Lëtzebuerg kommen, esou de Lex Delles.

"Wa mer Entreprisen hei zu Lëtzebuerg hunn, da schwätze mer natierlech och vu Software, mir schwätzen och vu Space, Satelittekapazitéiten, mir schwätze vun Telekommunikatioun, mir schwätze vu ganz ville Secteuren. Grad dofir ass et wichteg als Lëtzebuerg, dass wa mer Developpementer maachen an esou engem Secteur, dass mer do kucken, déi Entreprisen, déi haut aktiv sinn an engem Feld, och méi breet kënnen opzestellen."

Bannent den nächsten 9 bis 12 Méint wéilt een Aktivitéiten op Diddeleng kréien, esou de Wirtschaftsminister.

Lëtzebuerg wëll Retour économique vu Verdeedegungsausgaben / Rep.: Fanny Kinsch

Back to Top
CIM LOGO