Background am Gespréich (16. Mee)Tripartite, sozial Kohesioun a Logement: Onsécherheet virum État de la Nation

Annick Goerens
Claudia Kollwelter
D'Corinne Cahen, d'Alexandra Schoos, d'Sam Tanson an de Laurent Zeimet waren invitéiert an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
D'Alexandra Schooss, de Laurent Zeimet, d'Corinne Cahen an d'Sam Tanson waren de 16. Mee d'Invitéen am Background am Gespréich.
D'Alexandra Schooss, de Laurent Zeimet, d'Corinne Cahen an d'Sam Tanson waren de 16. Mee d'Invitéen am Background am Gespréich.
© RTL

D'Corinne Cahen, d'Alexandra Schoos, d'Sam Tanson an de Laurent Zeimet waren invitéiert an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

D'Logementskris bleift ee vun de gréisste politesche Sujeten zu Lëtzebuerg. An der Emissioun Background am Gespréich e Samschdeg de Mëtteg ass virun allem iwwert d'Roll vum Staat, de Gemengen an de Privatleit diskutéiert ginn.

De Laurent Zeimet vun der CSV huet d'Gemengenautonomie verdeedegt a gewarnt: "Ech weess net, ob dat vum Uewen imposéieren ëmmer déi beschte Method ass.“ Fir hien ass kloer, datt nei Wunnquartieren nëmme funktionéieren, wann och d'Infrastrukturen nokommen: "Mir brauche virdrun d'Schoulen, d'Crèchen an d'Stroossen."

D'Sam Tanson vun déi Gréng huet dogéint méi staark staatlech Mesurë gefuerdert. Si kritiséiert virun allem steierlech Avantagë fir Investisseuren an ënnersträicht: "Mir kënnen de Präis um Privatmarché net lenken. Mir kënnen en nëmme beim abordabele Wunnraum lenken."

Vill diskutéiert gouf och iwwer eidel stoend Wunnengen. D'Sam Tanson huet sech fir eng Leerstandssteier ausgeschwat a gesot: "Dat kann net sinn, datt Haiser eidel stinn, wärend esou vill Leit Schwieregkeeten hunn, sech ze logéieren." D’Alexandra Schoos vun der ADR war dogéint méi zeréckhalend an huet drop higewisen, datt vill eidel Haiser onbedéngt misste renovéiert ginn an dat vill Proprietären iwwerfuerdere géif.

D’Corinne Cahen vun der DP huet virun allem de Problem vun de Bankprête betount: "D'Leit kréien am Moment keng Prête méi op der Bank." Si huet erkläert, datt vill Projeten eigentlech prett wieren, mee net virukommen, well d'Finanzéierung feelt.

D'Debatt huet gewisen, datt sech bal all Parteien eens sinn, datt d'Logementskris eescht ass. Wéi se awer geléist soll ginn, do ginn d'Meenungen däitlech auserneen.

Komplex an onsécher Zäiten

An der Diskussioun ass däitlech ginn, datt vill Suergen ëm déi international Krisen an hir Konsequenze fir Lëtzebuerg bestinn. De Laurent Zeimet huet betount, datt "mir an onsécheren Zäite liewen" an datt Lëtzebuerg als klengt Land staark vum internationale Kontext ofhänkt. Hien huet och vun enger "Vertrauenskris" geschwat, well vill Leit sech froen, ob Lëtzebuerg als kleng Land säi Schicksal iwwerhaapt nach kann an d'Hänn huelen.

Gläichzäiteg goufen déi intern Problemer am Land thematiséiert. D'Sam Tanson huet virun enger gesellschaftlecher Spléckung gewarnt an erkläert, datt "d'Ongläichheete wierklech net manner ginn". Si huet betount, datt et wichteg wier, "d'Gesellschaft erëm méi no beieneen ze kréien". D'Alexandra Schoos huet virun allem d'Situatioun vun de Jonken ervirgehuewen. Si sot, datt vill Jonker "keng Perspektiv méi" hätten, well Wunnen an d'Liewen am Allgemengen ze deier gi sinn an "du gees schaffen, et bleift awer um Schluss näischt iwwereg."

Och d'Tripartite stoung am Mëttelpunkt vun der Debatt. D'Corinne Cahen huet erkläert, datt elo virun allem ziele géif, "dass bei där Tripartite eppes erauskënnt." D'Oppositioun huet dogéint kritiséiert, datt d'Regierung ze laang gewaart hätt, fir op d'Krisen ze reagéieren. Insgesamt huet d'Diskussioun gewisen, datt vill Onsécherheet am Land bestinn an datt d'Politik viru grousse sozialen a wirtschaftlechen Erausfuerderunge steet.

De Background iwwer Tripartite, sozial Kohesioun a Logement am Resumé
D'Corinne Cahen, d'Alexandra Schoos, d'Sam Tanson an de Laurent Zeimet waren invitéiert an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Mat am Studio

Corinne Cahen, Deputéiert an Co-Vizeparteipresidentin vun der DP
Alexandra Schoos, Deputéiert a Presidentin vun der ADR
Sam Tanson, Deputéiert vun déi gréng
Laurent Zeimet, CSV-Fraktiounschef an Deputéierte vun der CSV

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO