Verschidde Länner stoppen ImpfungenLëtzebuerg benotzt AstraZeneca och weiderhi bei Leit ënner 60 Joer

RTL Lëtzebuerg
Et géif ee sech am Grand-Duché un d‘Recommandatioune vun der Ema halen, sot eis e Mëttwoch an der Mëttegstonn de Santésdirekter Dr. Jean-Claude Schmit.

D'Europäesch Medikamentenagence klasséiert de Vaccin als „sécher a wierksam". E Mëttwoch huet d'Ema awer nach eng Reunioun. Hei am Land géif een de Moment souwisou gréisstendeels Persounen iwwer 65 Joer impfen. An Däitschland war d'Léierpersonal un der Rei, dat wär do eng aner Saach, sou den Dr. Schmit.

D'Notze-Risiko-Relatioun géif kloer fir de Vaccin vun AstraZeneca schwätzen. D'Gefor, Komplikatiounen ze maache bei enger Covid-Erkrankung wär vill méi héich wéi eng eventuell Thrombose-Gefor. Bis ewell hätt een hei am Land nach keng gréisser Niewewierkunge gehat, och kee Fall vun der Gehier-Thrombose.

De Santésdirekter versteet awer, datt d'Leit veronséchert sinn. Fir d'éischt war den Astra-Vaccin jo net fir déi eeler Leit recommandéiert. Dat awer net, well e geféierlech war, mä well Donnéeë gefeelt hunn. Mëttlerweil hätt een Daten, datt de Vaccin ganz effikass ass an och gutt verdroe gëtt bei eelere Leit, sou den Dr. Jean-Claude Schmit.

Däitschland: Staatlech Impfkommissioun recommandéiert, just nach Leit iwwer 60 mam schweedesch-brittesche Vaccin ze impfen

Op enger Rei Plaze bei eisen däitschen Nopere war dës Mesure schonn am Laf vum Dag annoncéiert ginn. D'Land Berlin zum Beispill huet decidéiert, fir keng Fraen a Männer ënner 60 Joer mat dësem Vaccin ze impfen.

Vun den zoustännege Gesondheetsautoritéiten heescht et, datt et sech hei ëm eng Precautiounsmesure handelt, well een nei Donnéeën iwwer Niewewierkungen hätt. Eng Spriecherin vun der Charité sot, datt dëse Schratt noutwenneg wier, well weider Fäll vun Thrombosen am Gehier bei Frae bekannt goufen.

Déi däitsch Gesondheetsministere wäerten um 18 Auer iwwert de weideren Asaz vum Vaccin beroden.

Och den Expertegremium a Kanada huet sech en Dënschdeg am Nomëtten dofir ausgeschwat, elo mol keng Leit ënner 55 méi fir dësen Asaz virzegesinn.

Op Nofro hi goufe mer beim Lëtzebuerger Gesondheetsministère gewuer, datt ee sech weider un den Avis vun europäescher Medikamanetenagence Ema hält.

Et sinn also keng Changementer geplangt an den AstraZeneca gëtt am Grand-Duché weider administréiert. Allerdéngs géing een d'Situatioun an den aneren EU-Memberlänner genee suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO