Background am Gespréich (14. Mäerz)Léon Gloden, Inneminister

Carine Lemmer
E Samschdeg ass den Inneminister Léon Gloden eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Hien ass zoustänneg fir déi bannenzeg Sécherheet, fir d’Immigratioun an och fir Kommunales. Den Inneminister Léon Gloden ass dëse Samschdeg eisen Invité am Background am Gespréich.

Den CSV-Minister polariséiert reegelméisseg. Vill Leit ënnerstëtze seng méi streng Linn, anerer stéiere sech drun. Mir schwätzen an der Emissioun doriwwer a froen no beim Léon Gloden, wéi et dann elo ëm d’Sécherheet am Land steet. Ob ukrainesch Flüchtlingsmänner wëllkomm sinn oder net. Firwat den Titel “Stad” haut net méi ze kréien ass. A wéini déi méi einfach Prozedure komme fir méi séier ze bauen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO