Invité vun der Redaktioun (9. Juni) - Léon GlodenDe "Platzverweis renforcé" soll virun der Summervakanz gestëmmt ginn

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moie waren d'Probleemer am Stater Garer Quartier an den europäeschen Asyl- a Migratiounspakt Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Léon Gloden
En Dënschdeg de Moie waren d'Probleemer am Stater Garer Quartier an den europäeschen Asyl- a Migratiounspakt Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun"

"De Vott wäert doudsécher net verluecht ginn", sot den Inneminister Léon Gloden en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Hien ass net d'Accord mat der Kritik, datt d'Gesetzer vum europäeschen Asyl- a Migratiounspakt, iwwer déi en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber ofgestëmmt gëtt, duerchgeboxt goufen. Et wier an engem raisonnabelen Delai geschafft a genuch Avise consideréiert ginn. Säin Text wär am Januar deponéiert ginn a 15 Avise sinn erakomm. Et wär genuch Zäit do gewiescht, fir Avisen ofzeginn. Soss géif d'Politik ëmmer reprochéiert kréien, ze lues ze schaffen.

De Léon Gloden huet och – grad wéi e Méindeg an der Kommissioun de Minister Max Hahn – un déi lescht Ännerungen um Accueilsgesetz erënnert. Do wär de Rapport ënnert der LSAP de selwechten Dag ugeholl gi wéi de Vott an der Chamber an duerno wären nach Avisen erakomm. Et sollt een als Oppositioun “net mat Steng an d'Glashaus schéissen, wann ee selwer eemol dra souz”.
 
Hie géif fir eng verantwortungsvoll Asylpolitik stoen. Déi, déi d'Conditiounen erfëllen, géife bleiwen a gehollef kréien, sech z'integréieren. Déi, déi d'Conditiounen net erfëllen, solle sou séier wéi méiglech zréckgefouert ginn. Soss géif een hinnen nëmme falsch Hoffnunge maachen a Sand an d'Ae streeën.

En anere Sujet am Interview war d'Sécherheetssituatioun op der Stater Gare. Hei huet den Inneminister eng Rei Zuele genannt, fir ze weisen, datt eppes géif geschéien: Vu Januar bis Mee gouf et 800 Patrullen a 14 grouss Kontrollen. D'Drogesektioun vun der Police wär ganz aktiv gewiescht an hat zejoert 216 Verhaftungen. D'Police an d'Police judiciaire sinn opgestockt ginn, d'Police vun 3.100 op 3.600 Beamten.
 
Den CSV-Inneminister huet betount, datt et an engem Rechtsstaat kee rechtsfräie Raum gëtt. Et gëtt jo d'Kritik, datt zwar méi Policepresenz- an Asätz do wären, mä d'Justiz duerno net géif nokommen. Dat wär richteg, sot de Léon Gloden. Dofir hätt hien och den Drogendësch initiéiert, wou all d'Acteure beienee kommen. Jidderee misst seng Verantwortung an der Gesellschaft iwwerhuelen, och d'Justiz.
 
De Problem vun organiséierten Heescherten an der Stad wier nach net ganz ofgeschaaft, wär awer an der Lescht nees besser ginn. Och duerch d'Kooperatioun mat der rumänescher Police. Bis Oktober sinn zwee rumänesch Polizisten am Land, déi ënnert der Autoritéit vun der Lëtzebuerger Police gemeinsam Patrull maachen an d'Heescherten uschwätzen. De "Platzverweis renforcé" fir zum Beispill Leit aus Entréeë vu Gebaier ze kréien, soll nach virun der Summervakanz gestëmmt ginn. E Mëttwoch gëtt de leschten Avis vum Staatsrot an der Kommissioun duerchgeholl. Den aktuelle Platzverweis géif net duergoen. Dat hätt hien als Deputéierte schonn ëmmer gesot an hien hätt Recht behalen, sou den CSV-Minister.

En Dënschdeg de Moie waren d'Probleemer am Stater Garer Quartier an den europäeschen Asyl- a Migratiounspakt Theema beim "Invité vun der Redaktioun"

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO