An den zoustännege ChamberkommissiounenRapporten iwwert nei Asyl- a Migratiounsgesetzgebung ugeholl

Marc Hoscheid
Domadder ass de Wee fir d'Votten en Dënschdeg an der Chamber fräi. Virun allem d'LSAP an déi Gréng kritiséiere weider dee knappen Zäitplang.
© RTL-Archiv

En Dënschdeg gëtt an der Chamber iwwert zwee Gesetzesprojeten ofgestëmmt, duerch déi d'Lëtzebuerger Asyl- a Migratiounspolitik un déi europäesch Reegelen ugepasst soll ginn. Am Virfeld huet de Groussdeel vun der Oppositioun gefuerdert, datt d'Votten no hanne verréckelt solle ginn, well net genuch Zäit gewiescht wier, fir d'Texter an déi verschidden Avisen dozou genee ze analyséieren. Ma um Méindeg goufen d'Rapporten trotzdeem an de jeeweilege Chamberkommissiounen ugeholl.

Rapporten iwwert nei Asyl- a Migratiounsgesetzgebung ugeholl / Rep.: M. Hoscheid

Besonnesch den Timing beim Gesetzesprojet 8732, deen den Accueil vu Flüchtlinge betrëfft, stéisst der Oppositioun, mat Ausnam vun der ADR, sauer op. De Familljeminister Max Hahn huet den Text den 22. Abrëll an der Chamber deponéiert, den Avis vum Staatsrot koum den 21. Mee, den Avis complémentaire vum Staatsrot de 5. Juni an d'Avise vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an der UNHCR zum Beispill réischt e Méindeg. Virun deem Hannergrond huet déi gréng Deputéiert Djuna Bernard an der parlamentarescher Accueilskommissioun gesot, datt si sech net à même spiere géing, fir e méindeg iwwert de Rapport respektiv en Dënschdeg iwwer d'Gesetz ofzestëmmen. De Max Hahn huet sech géint den Androck gewiert, datt nach ni ee Gesetz sou kuerzfristeg presentéiert gouf an huet op déi lescht Upassung vun deem selwechte Gesetz am Joer 2023 verwisen.

"Do hu mer ee Gesetz, dat 7 Wochen an der Prozedur war, dat hei ass der 6,5 an der Prozedur gewiescht, dat waren deemools 41 Artikelen, haut sinn et der 37. Do hutt der zwou Kommissiounssëtzunge gemaach, déi zwou a visio, wou der bal genee dee selwechte Programm a visio hat, wéi der haut hei dran hutt. Dir hutt an der Chamber Modèle de base gehat, ech hu mer nach eng Kéier d'Discoursen nogekuckt, wat do geschwat ginn ass, do huet kee Mënsch opgeworf, datt dat kuerz gewiescht wier oder d'Avise vun deem engen oder aneren net komm wieren. Dat heescht vläicht hëlleft dat Iech nach fir Äert Gewëssen a vläicht e bëssi manner schlecht ze hunn, wat mir jo awer och um Häerz läit." De Familljeminister huet och ënnerstrach, datt hien, onofhängeg vun deem heite Gesetz, ee gudden Austausch mat de verschiddenen Acteuren um Terrain hätt an hien d'Avisen all liese wäert, och déi, déi réischt nom Vott vum Gesetz erakommen. Déi Ausso ass beim LSAP-Deputéierte Georges Engel allerdéngs net wierklech gutt ukomm:

"Et geet net drëms, datt Dir een Avis geschéckt kritt an datt Dir deen da liest, mee hei geet et ëm déi parlamentaresch Aarbecht Här Minister. Mir sëtzen hei an der Chamber, hei schafft d'Chamber. Dir kommt hei hinner als Invité, fir eis Saachen ze erklären an datt Dir dat alles liest, all mäi Respekt, mee hei schafft d'Chamber. An d'Chamber muss kënnen Avise liesen a muss se kënnen hei an d'Diskussioun mat abréngen. Dat ass awer eist parlamentarescht Recht a mir hunn déi Méiglechkeet net, well mir hei Avise kréien, well dat hei bâcléiert ass." Um Enn gouf de Rapport vun der DP-Deputéierter Mandy Minella mat de Stëmme vun der Majoritéit an der ADR ugeholl.

D'Interieurskommissioun huet iwwerdeems an enger Videokonferenz iwwert de Gesetzesprojet 8684 diskutéiert. Hei haten d'LSAP sechs an déi Gréng dräi Amendementer agereecht. D'Presidentin vun der Kommissioun, d'Stéphanie Weydert vun der CSV, huet kritesch ugemierkt, datt déi deels réischt den Owend virdru geschitt war. Dat wollt de Meris Šehović vun deene Gréngen awer net einfach sou stoe loossen.

"Déi Delaien, déi hei imposéiert gi sinn, déi extrem kuerz sinn, dat ass net de Choix gewiescht vun der Oppositioun, dat ass de Choix vun der Majoritéit gewiescht, fir dat hei sou duerchzebrätschen. Verschidden Avisen, vum Staatsrot, den Amendement vun der Regierung an notamment de katastrophalen Avis vun der Mënscherechtskommissioun, deen der lo hei versicht e bëssi ze iwwergoen an ze ignoréieren, déi sinn alleguerte réischt Enn leschter Woch erakomm."

Um Enn goufen all d'Amendementer refuséiert an de Rapport vun der Stéphanie Weydert mat de Stëmme vun CSV, DP, ADR a Piraten ugeholl.

Den Asyl- a Migratiounspak ass och en Dënschdeg de Moien e Sujet mam Invité vun der Redaktioun. Um 8 Auer ass nämlech den Inneminister Léon Gloden live bei eis am Studio.

Wéi bei all Invité vun der Redaktioun wäert Dir hei d'Méiglechkeet hunn, de Sujet op eisem Site ze kommentéieren.

Back to Top
CIM LOGO