Wéinst der ugespaanter Corona-Situatioun gëlle vun en Donneschdeg u méi streng Restriktiounen hei am Land. Kinoen a Fitnesszenteren mussen nees zoumaachen, Restauranten a Caféen dierfen Iessen nach just am Take Away oder per Liwwerdéngscht ubidden, dat elo emol bis de 15. Dezember. Eng weider Mesure, déi vun en Donneschdeg u gëllt, ass datt een Doheem nëmmen 2 Persounen aus engem Stot empfänken dierf. An 2 bis 3 Woche gëtt d'Situatioun nees evaluéiert. Mir waren mam Mikro ënnert Leit fir de Bols ze fillen iwwert déi méi streng Mesuren.
An do si sech d'Leit zu Lëtzebuerg net eens. Fir déi eng ass et richteg et ze maachen, anerer hätten dat scho léiwer vill méi fréi gehat a fir erëm anerer, ginn dës Mesuren ze wäit.
Bei eisen däitschen Nopere gouf decidéiert, den Deel-Lockdown bis den 20. Dezember ze verlängeren. Nëmme tëscht Chrëschtdag a Silvester soll et manner streng Mesurë ginn. Dann dierfe sech maximal 10 Persounen aus dem Famillje-a Frëndeskrees treffen. Dono ginn d'Mesuren nach eng Kéier bis an de Januar verlängert. Wéi Corona-Reegele fir Chrëschtdag a Silvester hei am Land ausgesinn ass bis ewell nach net gewosst.
Déi meescht Leit hoffen awer, datt an där Zäit alles nees op a méiglech wier an och, datt ee mat der Famill ka Feieren, zum Beispill am Restaurant. Verschiddener mengen dann, datt et méiglech wier, datt nom 15. alles opgeet an no de Feierdeeg nees zou. D'Prezisioun, datt et méi wichteg wier, datt d'Populatioun gesond bleift, huet hei och net gefeelt.
Schoulen zu Lëtzebuerg solle weiderhin opbleiwen. Fir déi iewescht Klasse sollen et Alternativcoursen tëscht schoulescher Presenz an Homeschooling ginn. Ob Schoulen awer nees virun engem Download stinn, hunn d’Leit ënnerschiddlech Meenungen, well fir déi eng ass et wichteg, datt d'Kanner an d'Schoul ginn, fir den Uschloss net ze verléieren an anerer sinn der Meenung, datt wann et ze vill Fäll gëtt, datt d'Schoule missten zoumaachen.
Zënter Enn Oktober gëllt hei am Land eng Ausgangsspär tëscht 23 a 6 Auer, grad ewéi eng verschäerfte Maskeflicht.
