
Wann eng Persoun Symptomer vun enger Infektioun opweist, soll ee sech un d'Recommandatiounen halen an een Dokter opsichen, beschtefalls awer iwwer Telefon kontaktéieren.
Brauch ee Medikamenter soll een och net selwer an d'Apdikt goen, mä eng Persoun ouni Symptomer schécken.
An deem Kader mécht den Apdikteschsyndikat och den Appell just mat engem Attest vum Dokter an enger Pharmacie de garde ze passéieren.
Den Ament wier een och net en Rupture de stock bei de Medikamenter.