10 Joer laang gouf et eng Iwwergangsphase vun engem Gesetz dat zouléisst, datt Chauffeurs transfrontaliers bei der Sozialversécherung an deem Land affiliéiert sinn, wou se ugestallt sinn. Dëse Mount ass dat betreffend Gesetz awer ausgelaf. Vun elo un gëllt, datt e Chauffeur transfrontalier am Land vu sengem Wunnsëtz muss affiliéiert sinn, wa méi wéi 25 Prozent vu senger Aktivitéit do stattfënnt. Verschidde Chauffeure géingen duerch d’Ofmelle vun der Securité sociale zu Lëtzebuerg lo riskéieren, eng Zäitlaang guer net méi verséchert ze sinn. En Ëmstand, deen den LCGB staark kritiséiert.
Et ass vill Zäit vergaangen, säit gewosst ass, datt déi betreffend Gesetzesännerung géing kommen. Eng zefriddestellend Léisung konnt bis elo awer net fonnt ginn. De Paul Glouchitski Gewerkschaftssekretär beim LCGB a responsabel fir d’Koordinatioun vum Transportsecteur kritiséiert eng „attitude indifférente“ vum LSAP-Minister Romain Schneider.
Seng Positionéierung an dëser Affär géing Suerge maachen a wier widderspréchlech, sou de Gewerkschaftssekretär. De Minister géing engersäits behaapten, datt d'Regierung sech scho säit 11 Joer géing asetzen, fir eng Léisung ze fannen, mä de Feeler an dësem Dossier awer stänneg géing den Nopeschlänner zouweisen. Wéi eng Beméiunge gemaach gi wieren, fir Léisungen ze fannen, wier net ersiichtlech.
Eng 800 Chauffeurs frontaliers, woumat zum Beispill Camion- oder Buschaufferen, déi d’Grenz passéieren, gemengt sinn, wiere vun der neier Reegelung betraff, erkläert de Paul Glouchitski. Duerch d'automatescht Ofmelle beim Centre Commun vun der Securité sociale si fir si eng Partie Konsequenze méiglech. Doduerch, datt keng offiziell Affiliatioun am Land vum Wunnsëtz vun der Persoun ofgewaart gouf, géing d'Gefor bestoen, datt de Salarié net méi kéint weiderschaffen. Am Fall vu Krankheet kritt en zum Beispill da keng Indemnitéiten an hätt kee Recht méi ob sozial oder familiär Prestatioune, sou de Paul Glouchitski.
Den LCGB fënnt, et hätt mussen ob d’Entscheedung vum Land vum Wunnsëtz vun de betraffene Chauffeure gewaart ginn, ier eng Desaffliatioun virgeholl hätt däerfe ginn. Fir de Schued ze limitéieren, misst elo schnell reagéiert ginn. E bilateralen Accorde wier hei néideg. An och eng komplett Ofsécherung duerch Sozialversécherung soll weiderhin garantéiert bleiwen. De Minister misst aktiv ginn a sech net méi nëmmen hannert dem legale Kader an eidele Wierder verstoppt, sou de Paul Glouchitski ob der Pressekonferenz um Dënschdeg.