Esch/UelzechtLaangjäregen Escher Buergermeeschter François Schaack gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen no ass den LSAP-Politiker am Alter vun 92 Joer verscheet.

De François Schaack huet vun 1990 bis 2000 d'Geschécker am Escher Stadhaus geleet. Bei de Gemengewalen 1969 war hien eng éischte Kéier an den Escher Conseil gewielt ginn. Vun 1982 bis 1990 war hien och Schäffen.

De François Schaack war vu Beruff Mathesprofesser an huet am Escher Jongelycée enseignéiert.

Back to Top
CIM LOGO