CGDISLaang war et roueg, elo kënnt et nees zu méi Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch den Owend gouf et 3 Blesséierter bei 3 Accidenter uechter d'Land. En Donneschdeg de Moie koumen 2 Blesséierter bäi.
© RTL-Archiv

Tëscht Alzeng a Schlammestee gouf et e Mëttwoch den Owend no 18 Auer en Accident tëscht engem Camion an engem Auto. Eng Persoun gouf verwonnt.

Um Sennengerbierg gouf et géint 20 Auer en Accident mat engem Blesséierten.

Zu Wolz krute sech géint 22.30 Auer zwee Ween ze paken. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

En Donneschdeg de Moie gouf et kuerz virun 8 Auer en Accident op der Lonkecherstrooss an der Stad. 2 Autoe waren hei net laanschtenee komm an 2 Persoune goufe verwonnt.

Eng ganz Rei Bränn an der Natur, respektiv Dreck oder e Container, dee gebrannt hunn, mellt den 112 zanter e Mëttwoch den Owend. En Donneschdeg de Moien huet zu Munneref e Blummeback gebrannt a géint 9.15 Auer huet zu Schëffleng e Bam gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO